Iwwermuer wäert e Stuermfeld iwwer Lëtzebuerg ewechzéien, besonnesch un der Kalfront ass mat staarke Nidderschléi ze rechnen. Hannert dëser gëtt et méi wanterlech, Schnéihéichte bleiwen awer ongewëss.
Advertisement
Richteg ongemittlechen Dënschde méiglech
Déi vill Updates aus de leschten Deeg weise ganz gutt, wéi kniffleg d’Wiederlag ass, déi vu nächster Woch un op eis duerkënnt. Zwar ass och den éischte Schnéi vun der Saison méiglech, mee fir d’éischt kréie mir et mat engem Stuermdéif ze dinn. Dëst gëtt zwar net aussergewéinlech staark, an awer kann et zumools un der Kalfront lokal zu schwéiere Stuermstéiss kommen.
Vum fréie Moien un reent et verbreet, de Wand hëlt ëmmer weider zou. Déi éischt Spëtzte vun ëm 60 km/h si méiglech. Am Laf vun de Stonne gëtt de Wand weiderhi méi staark, besonnesch an der Period vum Virmëtten bis an de fréie Nomëtten eran soll eis déi kräfteg Kalfront vum Stuermdéif passéieren. Un hir rechnen déi meescht Wiedermodeller kräfteg Nidderschléi, deemno wéi kann och e lokaalt Donnerwieder mat Graupel net ausgeschloss ginn. Wärend dësem Passage hale sech déi héchst Wandstéiss tëscht 80 a 90 km/h op – ënnert de stäerkste Segmenter wëll ech et awer net ausschléissen, dass iergendwou Vitesse vun ëm 100 km/h kéinten erreecht ginn. Kuerz ier d’Front duerchzitt an duerno ass de Wand manner staark, déi héchst Spëtzte sinn da meeschtens bei ëm 75 km/h ënnerwee. Et kënne Beem ëmfalen an Äscht ofbriechen, liicht a lasse Géigestänn kënne fortfléien.
Duerno kënnt d’Schnéi-Thematik
Mir sinn zwar schonn Sonnden, mee leider léisst sech ëmmer nach net pauschal soen, wéi vill Schnéi wéini erofkënnt – a schonn guer net wou. Firwat dat esou ass, hu mir an de leschten Updates am Détail thematiséiert. Kuerz gesot: Et hänkt vun den exakte Lafweeër vun de Randdéifer of. Entscheeden déi sech spontan just minimal anescht ze zéien, da kann dat e groussen Afloss op eist tatsächlecht Wieder huelen – typesche Butterfly-Effekt.
An awer wäert et esou sinn, dass et en Dënschden, onmëttelbar hannert der Kalfront, méi wanterlech gëtt – haaptsächlech duerch déi kal Loftmassen. Kënnt et hannert der Front nach zu Schaueren – an där ginn der vun enger Rëtsch Modeller simuléiert – da wäerten dës entweder als Schnéischaueren oder Schnéireenschaueren erofkommen. Op de Koppen ass d’Warscheinlechkeet vu pure Schnéischaueren am héchsten. Dës polar Loftmasse bleiwe nach bis de Freiden inclus bei eis – a bis dohi kann et am Fall vu Nidderschléi ëmmer erëm zu e puer Flacke kommen. Bis dato ass et awer ëmmer nach net sou, dass sech de Gros vun de Modeller iwwert e staarkt Schnéifallgebitt eens ass – well dann wier d’Prognos däitlech manner komplizéiert.
Mir woen e Bléck op potenziell Schnéihéichten
Mir maachen awer trotzdeem elo eng kleng Momentopnam zu de simuléierte Schnéihéichten tëscht dem Dënschden an dem Donneschden inclus. Denkt awer drun, dass folgend Wäerter an e puer Stonne schonn erëm komplett anescht kënnen ausgesinn:
- GFS: 0 – 1 cm
- ECMWF: 0 – 2,5 cm
- ICON-EU: 0 – 1 cm
- ARPEGE: 1 – 6 cm
Eng weider Ugab wieren tëscht 3 a 7 cm an der südlecher Nordhallschent an tëscht 7 a 17 cm fir déi äusserst Nordspëtzt vum Land – laut dem Kachelmannwetter Super-HD-Modell. Dëse rechent awer eréischt bis e Mëttwochmoie fréi, dowéinst ass deen net bei den anere Modeller opgefouert.
Alles an allem léisst sech soen, dass d’Zommen den Owend däitlech méi déif gerechent ginn wéi an de leschten Deeg – se pendelen zimmlech staark. A genee dowéinst ass et aus momentaner Siicht onméiglech eng verlässlech Ausso zu de méigleche Schnéihéichten ze ginn.
Schonn e Samschde sollen eis méi mëll Loftmassen erreechen, well mir op déi viicht Säit (Vorderseite) vun engem markanten Déifdrockgebitt geroden, wat iwwert dem Atlantik läit. Déi liicht méi wanterlech Laun wäert also viraussiichtlech net vu laanger Dauer sinn.