Update: Um Sonnde si lokal Schnéistuerm-aarteg Konditioune méiglech

D’Modeller bleiwen dobäi: de Sonnde solle mir ënnert den Afloss vun engem Stuermfeld geroden. Mat dobäi komme Nidderschléi, déi op ville Plazen als Schnéi erofkomme kënnen. Et ass mat enger nennenswäerter Schnéicouche ze rechnen.

Och op méi niddrege Plaze kann et wäiss ginn

Wéi schonn den Dënschden ugedeit gehat, besteet och de Moment ëmmer nach de Risk vu stiermeschen, mee awer och wanterleche Konditioune fir de Schluss vum Weekend. De Sonnde beaflosst eis e grousst Stuermdéif, wat mat sengem Kär am Beräich vun de britteschen Inselen läit. Dëst Stuermdéif bréngt eis net nëmmen eng Packung Wand op Lëtzebuerg, mee och Nidderschléi. Duerch déi niddrëg Temperature sollen dës Nidderschléi op ville Plazen als Schnéi erofkomme, net nëmmen am Norden. Besonnesch op de Koppen awer kéint eng signifikant Schnéicouche zesummekommen, op de méi niddrege Plaze wier och mol den een oder aneren Zentimeter dran.

De Modeller no areecht eis d’Okklusiounsfront vun dësem Stuermdéif um fréie Sonndemoien. Zu dësem Zäitpunkt leien eis Temperaturen ueschter d’Land tëscht -1 an 1 Grad, den éischte Nidderschlag soll aus Westen eragezu kommen. Duerch déi niddreg Temperature géif dëse Nidderschlag op de meeschte Plazen als Schnéiflacken erofkommen, haaptsächlech op de Koppe vum Land ass dann och méi staarke Schnéifall net ausgeschloss. De Wand gëtt a Richtung spéidere Virmëtten och ëmmer méi staark, et ass mat stiermesche Wandstéiss bis Stuermstéiss vun tëscht 60 an 80 km/h ze rechnen, jee no Modell an deemno wéi wou sinn och Spëtzte bis ëm 90 km/h net onméiglech. Mat der Ukonft vum Wand kommen och liicht méi mëll Loftmassen eragezunn, déi eis Temperature minimal an d’Luucht drécke wäerten. Déi mannst Verännerung wier dem aktuelle Stand no am Norde vum Land ze erwaarden, am Süde kann den Thermometer lokal erëm op 2 Grad klammen. Duerch déi kleng Taupunkt-Temperatur Differenz kann et do zwar ëmmer nach schneien, mee dat mam “Leie bleiwen” kann dann erëm bësse méi schwéier ginn. Op de Koppe géif et am warscheinlechste weider schneien, duerch de Wand kënne Schnéiwicken optrieden.


De Passage vun der Schnéifront dem däitschen ICON-Modell no | Animatioun: wxcharts.com

Modeller rechne mat nennenswäerter Schnéicouche

Et ass déi éischt Kéier fir dës Saison, dass d’Modeller wierklech nennenswäert Schnéicouchen berechnen. Mir ginn der hei e puer duerch.

Nordhallschent & Koppen:

  • GFS: 1 bis 4 cm
  • ECMWF: 5 bis 21 cm
  • ICON: 4 bis 10 cm
  • ARPEGE: 9 bis 30 cm

Moyenne: 4,75 bis 16,25 cm

Südhallschent:

  • GFS: 0 bis 1 cm
  • ECMWF: 1 bis 4 cm
  • ICON: 0 bis 1 cm
  • ARPEGE: 2 bis 8 cm

Moyenne: 0,75 bis 3,5 cm