Update: Verschidde Modeller rechne mat méi Reen wéi am Ufank ugeholl

D’Kalfront, déi eis haut am spéidere Nomëtten erreecht, mécht den Ufank vun enger (nach) méi ongemittlecher Zäit. Bis e Sonnden kënnt et zu markante Reenzommen, de naassten Dag gëtt awer den Donneschden.

Advertisement

Den Atlantik gräift op eis iwwer

D’Kalfront, déi eis haut am Nomëtten erreecht, mécht d’Dier op fir nach däitlech méi onmgemittlecht Wieder. Besonnesch markant gëtt et en Donneschdenowend, wou eng weider Front mat kräftegem Reen mee awer och warnrelevante Stuermstéiss iwwert eis ewechzitt – dozou awer méi am Artikel vu gëschter, oder waart einfach op den Update deen géint 12 Auer online komme sollt.

Op alle Fall kënnt et bis e Sonnden ëmmer erëm zu eenzelnen Déifdrockgebitter, déi eis weider Schauere bréngen. Groussflächegen an zolitte Reen sollt dobäi awer net ustoen – trotzdeem ginn d’Quantitéiten uerdentlech, zumools laanscht den äusserste Westen a Südwesten.

Wéi hu sech d’Modeller verännert?

Den europäesche Modell weist ëmmer nach gréisstendeels 30 bis 40 l/m² bis e Sonndenowend, direkt bei eise Noperen aus der Belsch, am Raum Houdemont, wiere knapp 55 l/m² dran. Den amerikanesche Modell ass méi groussflächeg mat 40 l/m² ënnerwee, gesäit awer laanscht den äusserste Westen ëmmer nach bis zu 60 l/m² op eis duerkommen. Den däitsche Modell huet seng Meenung och liicht erhéicht, dat erëm laanscht den äusserste Westen a Südwesten. Punktuell sollen 75 l/m² erofkommen.


D’Reequantitéite bis e Sonnden laut ICON-Modell | Grafik: wxcharts.com

Déi 20 – 40 l/m², déi mir gëschter schlussfolgert hunn, kann een also op tëscht 25 a 50 l/m² eropsetzen – mam Zousaz, dass et ebe lokal nach en Tick méi naass ka ginn. An et ass awer och ëmmer nach esou, dass dat meescht dovun an der Period vun haut am Nomëtten bis den Donneschden inclus soll falen, iwwerdeems e Sonndenowend e weidere Strouss ka nokommen.