Update, Virwarnung aktiv: En Donneschde si Stuermstéiss méiglech

Et gëtt méi konkret: an der nächster Nuecht gëtt et duerch e Randdéif zimmlech lefteg, och Stuermstéiss si net ausgeschloss. Eng Virwarnung ass aktiv.

Markant Deeg stinn um Programm

Den Donneschden ass den Optakt vun enger méi stiermescher Phas, zäitweis kënnen och Stuermstéiss optrieden. Schold drun ass eng ganz Rëtsch u Randdéifer, déi nërdlech un eis laanschtsausen. Doduerch gerode mir ëmmer erëm an hir Wandfelder – dat mol méi a mol manner staark. An dëser Nuecht kënnt eis dat éischt Randdéif méi no. Et ass keen ausgewuessene Stuerm, an awer kann et lokal mol fir stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss duergoen. Déi éischt Kandidaten bei esou Wiederlagen sinn, wéi ëmmer, exponéiert Plazen a Koppen.

Den Oflaf

Bis haut den Owend deet sech mol nach net all ze vill. De Wand ass zwar schonn méi spierbar wéi an de leschten Deeg, mee vun engem stiermeschen Zoustand si mir nach laang fort. Et ass méi sou a Richtung Mëtternuecht, wou eis dat Randdéif ufänkt nërdlech ze passéieren. Esou gerode mir also ëmmer méi ënnert dat genannt Wandfeld, wouduerch an Tëschenzäit och eng Virwarnung aktiv ass. Vu Mëtternuecht un ass also domat ze rechnen, dass et ëmmer méi fréquent zu Wandstéiss vun ëm 60 km/h an driwwer kënnt. Wéini de Maximum antrëtt, ass nach vu Modell zu Modell ënnerschiddlech. Allerdéngs ginn et Signaler dofir, dass dat tëscht dem fréie Moien bis hin zu Virmëtten de Fall ass. Den europäesche Modell ECMWF wëll Vitesse vu knapp iwwer 70 km/h net ausschléissen, genee sou och den amerikanesche Modell. Aner Modeller, wéi z.B den ICON oder franséischen AROME, gesinn eng Warscheinlechkeet vu Vitessen, déi et an de Stuermberäich packe kënnen, dat mat bis ëm 77 km/h. Per Definitioun wieren dat also Stuermstéiss.


De franséischen AROME ass a Saachen Vitesse vu 75 km/h an driwwer am optimisteschsten | Grafik: wxcharts.com

Vun der Mëttesstonn un soll de Wand sech erëm leeën. Dir mierkt: Et ass net déi grouss Stuermlag. Allgemeng kann een déi héchst Vitessen tëscht 60 a 75 km/h agrenzen, eenzelne Modeller no kann et awer deemno wéi och e bëssen driwwer goen. Dës Vitesse si fir d’Joreszäit awer ganz normal an et wier souwisou verwonnerlech gewiescht, wann et net geschwënn zu enger méi wandaktiver Phas komm wier.

Freide weiderhin interessant

E Freiden erwaart eis eng änlech Situatioun. Den Zenario geet vun quasi d’selwecht wéi dat, wat eis elo um Donneschden erwaart bis hin zu e gudden Tick méi intensiv, wou och méi breet verdeelt Stuermstéiss vun däitlech iwwer 75 km/h méiglech wieren. Soubal sech d’Modeller agependelt hunn, gëtt et heizou en Update.