Update: Vun Temperatur-Achterbunn bis hin zu potenziell fréisummerleche Wäerter

D’Temperature verhale sech immens variabel, an esou geet et och virun. Déi nächst Deeg änelen enger Ronn mat der Achterbunn.

Advertisement

Kill Phas dauert net laang…

Mir wëssen elo jo schonn eng Zäitchen, dass eis muer e sougenannte “Kaltlufttropfen” beschäftegt. Wéi sech dësen entwéckelt, kënnt Dir hei noliesen.

Soubal dësen passéiert ass, geroden awer erëm méi mëll Loftmassen an eis Géigenden. All ze laang dauert dat awer och net, well duerno gesinn d’Modeller schonn erëm e Schwall u kille Loftmassen op eis duerkommen. Am Kloertext heescht dat, dass eis muer um Donneschde Maximaltemperature vu “just” nach 5 bis 7 Grad ustinn, ier et e Freiden erëm op 13 bis 16 Grad eropgeet. E Samsde sinn esouguer 14 bis 17 Grad am Beräich vum Méiglechen, duerno gëtt et e Sonnde mat 11 bis 13 Grad net méi grad esou mëll.


D’Grousswiederlag Ufanks der nächster Woch | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

… déi mëll awer och net esou wierklech

Och vun dëser kuerzer méi mëller Phas hu mir net all ze laang eppes. D’Wiedermodeller si sech driwwer eenz, dass mir vum Méinden un erëm ënnert den Afloss vu méi kille Loftmasse geroden. Dës kommen aus dem héije Norden op eis duergezunn a brénge nieft méi nidderegen Dageshéchsttemperature virun allem erëm de Frascht zréck op Lëtzebuerg. Fir e Méinde selwer sti Maximaltemperature vun tëscht 9 a 13 Grad um Programm, en Dënschde si mir mat 5 bis 10 Grad ënnerwee an e Mëttwoch mat 6 bis 11 Grad – esou op d’mannst mol de momentane Stand. E Méindemoien ass mat Fréiwäerter vun tëscht 3 a 5 Grad ze rechnen, en Dënschde mat -2 an 2 Grad an e Mëttwoch mat -4 bis 0 Grad. Engersäits besteet also erëm e Risk vu lokal begrenzte glate Streckenofschnëtter, anerersäits sollt een dann och u potenziell empfindlech Planzen denken.

A wéi gesäit et fir déi Zäit drop aus?

Wann een de momentane Modellrechnunge Glawe schenke kann, da sinn nach virum 1. Mee fréisummerlech Temperature net ausgeschloss. D’Modeller si nämlech der Meenung, dass et eng gewëss Warscheinlechkeet fir eng waarm südwestlech Stréimung gëtt, déi nach eng kéier ënnersträiche, wéi variabel d’Wieder an engem Abrëll ka sinn. Wéi genee et sech entwéckle wäert, ass awer nach Zukunftsmusek a ka nach net am Détail thematiséiert ginn.


Déi momentan Iddi fir enn Abrëll | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide