Update: Wanterlech Chrëschtdeeg aus aktueller Siicht méiglech

Ëmmer nach sinn d’Wiedermodeller der Meenung, dass et pünktlech fir d’Zäit ronderëm Chrëschtdag erëm méi wanterlech zu Lëtzebuerg kéint ginn.

Ëmmer nach keng all ze grouss Ännerungen

Am leschten Update hate mir gesinn, dass awer nach e Fénkchen Hoffnung fir wanterlech Entwécklunge fir d’Zäit ronderëm Chrëschtdag besteet. Elo, dräi Deeg méi spéit, sinn d’Modeller ëmmer nach där Meenung. Dëst ass en Zeechen dofir, dass d’Warscheinlechkeet fir wanterlech oder esouguer wäiss Chrëschtdeeg am Joer 2020 bis ewell däitlech méi héich ass, wéi an de leschte Joren. Et muss een awer ëmmer nach e bësse virsiichteg sinn: et ass nach gutt eng Woch bis mir am prognostizéierten Zäitraum ukommen – bis dohi kéinten also ëmmer nach Ännerungen dotëschtkommen. Et däerf ee gespaant sinn.

Déi aktuell Situatioun

De Moment leie mir ëmmer nach ënnert enger fiichter mee och mëller Südwest- bis Weststréimung. Zesumme kënnt dës Situatioun duerch e grousst Déifdrockgebitt iwwert dem nërdlechen Atlantik an héije Loftdrock iwwert dem ëstleche Kontinent. Dotëscht gi naass mee awer och fir d’Joreszäit ze mëll Loftmassen op Lëtzebuerg gefouert, wat wanterlecht Wieder elo am Moment nach onméiglech mécht. An de nächsten Deeg soll sech d’Grousswiederlag awer no a no ëmstellen.


Déi momentan Grousswiederlag vun uewen | Grafik: wxcharts.com

Ëmstellung vun der Grousswiederlag steet un

Dës Grousswiederlag wäert awer net méi all ze laang unhalen. Den amerikanesche GFS an den europäeschen ECMWF si sech driwwer eenz, dass d’Wiederlag sech am Laf vun der Mëtt vun der nächster Woch ufänkt, ëmzestellen. Den Ufank mecht awer schonn e Randdéif, wat an der Nuecht vum Sonnden op de Méinden vun de britteschen Inselen hier a Richtung Dänemark zitt. Dëst Déif huet zwar nach kee gréisseren Afloss op eis zu Lëtzebuerg, mee et dréit hannert sech e weidert Randdéif, wat eis vu Mëtt der Woch u no a no méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg brénge géif. An den Deeg drop, also a Richtung Chrëschtdag, soll sech dëst Randdéif als eegestännegt Déif iwwert dem Oste vum Kontinent installéieren, iwwerdeems sech e kräftegt Azorenhéich iwwert dem ëstlechen Atlanik ausbilde géif. Duerch dës Konstellatioun hätte mir et net méi mat enger fiichter a mëller westlecher bis südwestlecher Stréimung ze dinn, mee mat enger fiichter nordwestlecher bis nërdlecher Stréimung – d’Zutate fir wanterlecht Wieder.


D’Grousswiederlag ännert sech quasi ëm 180° | Grafik: wxcharts.com

Schnéi méiglech?

De Moment kann ee nach keng Ofschätzung dovun ofginn, wéi vill Schnéi demnächst fale kéint, mee et kann een en ongeféieren Zäitraum ausmaachen, an deem d’Warscheinlechkeet vu Flacke klëmmt. Den europäeschen ECMWF an den amerikanesche GFS berechnen z.B fir Hellegowend den éischte Schnéi op den héchste Koppe vum Land. U Chrëschtdag selwer soll et ëmmer erëm zu eenzelne Schnéiflacke kënne kommen. Och fir de Rescht vun deem Weekend wiere weiderhi wanterlech Entwécklunge méiglech, dat net nëmmen op de Koppe vum Land. Et kann een awer, ebe wéinst der zäitlecher Distanz, nach net all ze vill an den Détail goen. Et gi nämlech nach divers Onsécherheeten.

Fazit

De Fazit ass also deen, dass et ganz warscheinlech kuerz virun Hellegowend oder nach un Hellegowend/Chrëschtdag selwer méi kill bei eis gëtt. Wanterlech Konditioune wéi Frascht a glat Stroosse wiere gutt méiglech, eventuell kéim do och nach Schnéifall mat dobäi. Sécher ass dëst nach net, weider Détailer wäerte sech eréischt am weidere Verlaf vun de nächsten Deeg no a no erauskristalliséieren.