Update: Wat aus dem “grousse Stuerm” fir Silvester ginn ass

E Méinden hate mir eis ugekuckt, wat um "grousse Stuerm" fir Silvester drun ass, deen virun allem an den däitsche Medien d'Ronn gemaach huet. Elo ass et Zäit fir en Update.

D’Grousswiederlag

D’Grousswiederlag bleift déi selwecht déi mir elo och hunn. Mir leie weiderhin ënnert enger mëller, mee awer och strammer südwestlecher bis westlecher Stréimung. Dat féiert dozou, dass mir et mat grousser Sécherheet bis an dat neit Joer eran mat leftege bis stiermesche Wiederlagen ze dinn hunn.

An de leschten Deeg haten d’Modeller, besonnesch den amerikanesche GFS, ëmmer erëm e wierklech zolitte Stuerm fir de Silvesterdag berechent. Elo, wou mir ëmmer méi an de Kuerzfristberäich gerode, kucke mir eis un, wat an Tëschenzäit aus dëse markante Berechnunge ginn ass.

Amerikanesche Modell GFS

Dem momentane GFS no bleift et wuel sécher stiermesch an eise Géigenden. De nächsten Zäitpunkt mat vill Wand gëtt elo d’Nuecht op den Donneschde, wou plazeweis e Maximum vu 75 km/h kann erreecht ginn. E Freide fänkt et am Laf vum Dag erëm un ëmmer méi lefteg ze ginn, mir sinn awer nach wäit ewech vu stiermesche Wandstéiss. Spannend gëtt et dann an der Nuecht op de Samsden resp. um fréie Samsdemoien. Dem Modell no kënne Vitesse vun tëscht 70 an 80 km/h optrieden.


D’Berechnung vum amerikanesche GFS fir de Samsdemoien | Grafik: wxcharts.com

Dës Vitesse solle mir dann bis an de spéidere Virmëtten/fréie Mëtte vum Samsden eran bei eis halen, ier sech déi héchst Spëtzte bis an den Owend era just nach op tëscht 50 a 70 km/h begrenze sollten. An der Silvesternuecht selwer gëtt et eréischt an der zweeter Nuetshallschent manner lefteg, esou den amerikanesche Wiedermodell.

Den europäesche Modell ECMWF

Wat elo dës Nuecht, also déi op den Donnschde betrëfft, gesäit och den ECMWF spierbar bis stiermesch Wandstéiss. Eng Warnung sollt awer esou just net néideg sinn. Gi mir awer direkt eriwwer an den interessanten Zäitofschnëtt, nämlech a Richtung Silvester. Um Freidenowend hëlt de Wand dësem Modell no däitlech zou, Vitesse bis 75 km/h si méiglech. Um fréie Samsdemoien, also um Silvesterdag moies fréi, si Stuermstéiss bis 85 km/h net ausgeschloss. Am Laf vum Dag soll et lefteg bleiwen, mee anescht wéi de GFS et gesäit sollten d’Vitesse sech net méi am stiermesche Beräich ophalen.


D’Berechnung vum europäeschen ECMWF fir de Samsdemoien | Grafik: wxcharts.com

D’Modeller ICON an ARPEGE gesinn fir d’Peaks och mol Vitesse vun ëm 75 km/h, e schroe Stuerm hunn awer och dës net an hire Kaarten dran.

Fazit

Mir erliewen also mol zimmlech sécher e leftege bis stiermesche Schluss vum Joer 2022. Vun alle Modeller déi mir elo genannt hunn belafe sech déi héchst Vitessen op ëm 85 km/h, dat um fréie Samsdemoien. Dëst géif zwar Stuermstéiss entspriechen, mee e groussen a geféierleche Stuerm wier dëst awer net. D’Kaarten hunn an de leschten Deeg vill méi markant ausgesinn, wat een eben och a Form vu gréissere Schlagzeilen a verschiddenen däitsche Medie liese konnt.

D’85 km/h entspriechen dem momentane Stand no och just engem Peak. Op de meeschte Plaze sollt et also drënner bleiwen. Sollt sech dat an de nächste Modell-Leef änneren, da gitt Dir dat natierlech op dëser Plaz gewuer.