Update: Wéi gesäit et an Tëschenzäit mat der Schnéi-Warscheinlechkeet aus?

De Januar geet esou lues op en Enn, de Schnéi hu mir elo zanter bal zwou Woche net méi gesinn. Ginn et dann eigentlech ëmmer nach Chancen op e Comeback an der éischter Februar-Hallschent?

Wat soen déi momentaan Modeller?

Dës Woch kënnt de Schnéi op alle Fall net erëm, dat ass sécher. Et ass ëmmer nach däitlech ze waarm, den eenzege Frascht gëtt et héchstens mol an de Nuechten. Et ginn awer Modellrechnungen, déi am Laf vun der nächster Woch wat dat ugeet e Changement op eis duerkomme gesinn. Dofir huele mir, wéi ëmmer bei engem Zäitraum deen nach méi wäit an d’Zukunft geet, den europäeschen an amerikanesche Modell, a vergläiche se mateneen.


Eng zimmlech wanterlech Léisung vum amerikanesche Modell | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Den amerikanesche Modell ass der Meenung, dass sech ronderëmt de 5. Februar en Déifdrockgebitt iwwert de skandinavesche Raum leet, iwwerdeems mir et iwwert dem Atlantik mat héijem Loftdrock ze dinn hunn. Dëst géif an enger kräfteger, fiichter a kaler Nordweststréimung resultéieren, déi eis definitiv de Wanter géif zréck op Lëtzebuerg bréngen. Tëscht dem 5. an dem 10. Februar géif also, resuméiert gesot, dem amerikanesche Modell no erëm d’Warscheinlechkeet vu Schnéischaueren zu Lëtzebuerg bestoen. Och duerno kéint et duerch eenzel Randdéifer nach eng Kéier zu änleche Situatioune kommen. Wichteg ass awer ze wëssen: Géifen dës Phase wierklech kommen, da wier et ni fir wierklech laang – de nächste Virstouss vun ze mëlle Loftmassen ass ni wäit fort.


Eng net esou wanterlech Léisung vum europäesche Modell fir de selwechten Zäitpunkt | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Den europäesche Modell rechent zwar och mat dësem Déif, mee just e gutt Stéck méi wäit nordëstlech. Déi wanterlech kal Zon mat de Schnéischaueren géif eis domat also esou ganz knapp net erreechen – zu Lëtzebuerg géif et einfach wärend e puer Stonne reenen. Wärend dëser Phas wier et awer och zimmlech lëfteg, dat gesinn déi zwee Modeller esou.

Wat heescht dat elo?

Un de Blécker iwwert den Tellerrand, déi mir an de leschte Wochen ëmmer erëm gemaach hunn, huet sech net vill geännert. Wanterlech Zenarie ginn ëmmer nach heiansdo ugewisen, iwwerdeems et an Tëschenzäit awer och méi mëll Léisungen säitens dem europäesche Modell gëtt. Am Endeffekt wäert déi genee Grenz vun de Loftmassen ausmaachen, wou d’Nidderschléi a wéi enger Form falen – mir wäerten also viraussiichtlech um Rand vun all dem landen. Mir halen d’Situatioun am Aen.