Update: Wéi gesäit et dann elo mam Thema Wand/Stuerm aus?

E Mëttwoch war nach net ganz kloer, wat fir eng Auswierkungen d’Déifdrockgebitt, wat eis muer erwaart, tatsächlech a Saache Wand wäert bei eis heiheem hunn. An Tëschenzäit huet sech d’Situatioun awer konkretiséiert.

Advertisement

Konkretiséiert, mee nach ëmmer net ganz kloer

D’Modeller si sech driwwer eenz, dass e Freide vun England aus en Déifdrockgebitt op Holland duergezu kënnt. Vun do aus soll et dann a südlech Richtunge virunzéien – just “streiden” d’Modeller nach ëmmer driwwer, ob de Kär vum Déif ëstlech oder westlech vun eis laanschzitt. Egal wéi eng Léisung et gëtt, mir kréien et op alle Fall mat vill Reen ze dinn. Den Détail dozou hu mir an engem aneren Artikel beschwat.


De Modellstand vum 30.03.2023 03:26 Auer fir e Freiden 15 Auer laut ICON-EU Modell | Grafik: wxcharts.com

Wat de Wand betrëfft ass et awer net esou egal, wéi e Wee dëst Déif wierklech aleet. Zitt et ëstlech un eis laanscht, da si Stuermstéiss vun tëscht 75 a 90 km/h zimmlech warscheinlech. Zitt et genee iwwert eis oder westlech un eis laanscht, da gëtt de Wand manner relevant. Vitesse vun tëscht 50 a 75 km/h wieren dann ze erwaarden. Probéiere mir awer op engem gemeinsame Nenner erauszekommen, da kann een déi maximal Wandvitesse fir e Freide bei tëscht 60 an 80 km/h agrenzen. Sollt eng méi kräfteg Schauer optrieden, oder och mol en Donnerwieder, da kann och eppes driwwer net ausgeschloss ginn.

Och e Samsde bleift et lefteg, mee mir bleiwe wäit fort vu potenziell stiermesche Vitessen.