Update: Wiederwarnung Stuf giel virun Dauerreen aktiv

D’Virwarnung vun de Moie gouf elo zu enger gieler Wiederwarnung eropgestuuft.

Dëst ass d’Fortsetzung vum Artikel vun haut de Moien iwwert de ville Reen, deen eis vun elo un bis muer den Owend erwaart.

D’Modellrechnunge sinn an Tëschenzäit méi kloer ginn, als Konsequenz ass eng Wiederwarnung vun der gieler Stuf aktivéiert ginn. An der Nordhallschent vum Land trieden bis den Dënschdenowend Quantitéite vun tëscht 30 a 40 l/m² op, besonnesch laanscht de Weste kann et och mol fir 45 l/m² duergoen. Fir d’Südhallschent gi mat tëscht 30 a 45 l/m² ganz änlech Wäerter berechent – besonnesch laanscht den äusserste Südwesten an och Südoste sinn awer och bis ëm 50 l/m² net ausgeschloss.

D’Peegele wäerten duerch de Reen klammen an och e liicht Héichwaasser ass méiglech. Dëst huet awer bei wäitem näischt mat de Konditioune vum vergaangene Summer ze dinn.

Op de Stroosse sief natierlech opgepasst wéinst Aquaplaning.