UPDATE zum Orkandéif SABINE: Op dëst kënne mir eis astellen

Den Dag ass do: d’Orkandéif SABINE wäert spéitstens vun den Owesstonnen un fir déi éischt Stuermstéiss suergen.

Virdéischt op den héchste Koppe stiermesch

Am Laf vum Dag areecht eis haut d’Stuermfeld vum Orkandéif SABINE. Haaptsächlech un der Kalfront sinn déi héchst Wandvitessen ze erwaarden, dat a Begleedung vu méi staarke Schaueren. Eventuell kéint et och mol fir en Donnerwieder duergoe, wou souguer Orkanstéiss net onméiglech wieren.

Fänke mir mol mam Verlaf vum Moien/Virmëtten un. Et ass nach meeschtens roueg. Zwar mierkt een, dass de Wand no a no méi spierbar gëtt, et ass awer nach alles am grénge Beräich. Mat Chance ka sech d’Sonn am Virmëtte souguer nach kuerz weise kommen. Um Mëtte gëtt et ëmmer méi gro, et bleift awer nach drëchen. De Wand areecht tëscht 50 a 70 km/h an de Spëtzten. Am Laf vum Nomëtte gëtt de Wand méi präsent, éischt Stuermstéiss kéinte virun allem op de Koppen areecht ginn. Dëst entsprëcht Vitesse vu 75 km/h. De Reen léisst ëmmer nach e bëssen op sech waarden. A Richtung spéidere Nomëtten an haaptsächlech vum Owend un geet et weider an d’Luucht mat de Wandvitessen: tëscht 70 a 90 km/h kënnen uechtert Land optrieden, op de Koppe si Spëtzte vun ëm 95 km/h net auszeschléissen. Ronderëm 20 Auer gi Stuermstéiss bis schwéier Stuermstéiss vu 75 bis 100 km/h ëmmer méi wahrscheinlech. An Tëschenzäit gëtt et naass.

Ausféierleche Video vum 08. Februar 2020

A Géigend vu Kalfront >120 km/h net onméiglech

Den intensivsten Deel erwaart eis tëscht dem Owend 23 Auer a muer de Moie 4h/5h. D’Kalfront zitt an där Zäit iwwert eis ewech. Et ass mat schwéiere Stuermtéiss bis hin zu orkanartege Wandstéiss vun 80 bis 115 km/h ze rechnen. Am Beräich vun enger staarker Schauer oder och engem Donnerwieder, déi laanscht d’Kalfront optriede wäerten, kann et sinn, dass de Wand aus méi héije Loftschichten bis op de Buedem erofgemëscht gëtt (vertikalen Impulstransport). A sou engem Fall sinn Orkanstéiss bis 120 km/h ze erwaarden, am Extremfall souguer driwwer. Dëst wäert awer éischter just lokal begrenzt de Fall sinn a net flächendeckend. E puer Modellrechnunge no kënne sech hannert der Kalfront nach e puer Schauerlinne forméiere, wou dat grad beschriwwent nach méi wahrscheinlech wier. Ob 120 km/h oder net, mir hunn et mat enger markanter Stuermlag ze dinn.

Och um Méindemoien, wärend dem Beruffsverkéier, kënnen ëmmer nach Wandvitesse vu bis ëm 100 km/h optrieden. Et kann also zu entspriechende Problemer kommen. A Richtung Méindemëtte gëtt de Wand méi schwaach, Spëtzte vun 100 km/h gi méi rar. Och iwwert de Nomëtten ass et méi roueg, ier et den Owend rem stiermesch gëtt. Haaptsächlech tëscht 20h an 23h zitt d’Stuermfeld vun engem Randdéif iwwer Lëtzebuerg ewech, wouduerch op e Neits Spëtzte vu bis zu 100 km/h méiglech sinn. Bis an de fréien Dënschden era bleift et stiermesch, ier mir rem an e net-warnrelevante Beräich erofrëtschen.