UPDATE zur Kalfront, hannendrun typescht Abrëllswieder

Muer erwaart eis eng zimmlech aktiv Kalfront, et ass mat Stuermstéiss ze rechnen. Hannert dëser Front gëtt alles ganz anescht wéi an de leschten Deeg.

Advertisement

Kräftege Reen an eenzel Donnerwieder

Wéi an engem Update vu gëschter betount, kann d’Kalfront op lokaler Basis e gutt Stéck méi ruppeg iwwert d’Bün goen – dat op grouss Deeler vu BeNeLux an och Nordwestdäitschland bezunn. Do, wou déi kräftegst Schauersegmenter entstinn, besteet och den héchste Risk vu schwéiere Stuermstéiss. Bis ëm 100 km/h kënne net ausgeschloss sinn, soss sinn d’Vitessen awer meeschtens bei tëscht 70 a 90 km/h ënnerwee.


Déi ongeféier Positioun an Intensitéit vun der Kalfront géint 18 Auer | Grafik: wxcharts.com

Spezifesch op Lëtzebuerg bezunn soll d’Span vun de Wandstéiss tëscht 64 an 93 km/h leien, dat hunn Duerchschnëttsrechnungen erginn. Déi héchst eben am Beräich vu kräftege Schauersegmenter oder Donnerwieder, eppes dotëscht bis hin zu “just” 64 km/h am Fall vun engem “normale” Kalfrontduerchgang. Am Fall vun engem Donnerwieder wieren och mol kleng Knëppelsteng (Graupel) mat dobäi.

D’Kalfront gëtt tëscht 17 an 19 Auer erwaart, duerno soll sech de Wand séier leeën. Weider Schauere sinn awer och nach hannendru méiglech.

Schauerwieder setzt sech fort

Et wäert och net nëmme bei där Schauerwarscheinlechkeet hannert der Front bleiwen, mee och an den Deeg drop ass weider domat ze rechnen. Duerch déi kill Loftmassen an der Héicht triede bis e Mëttwoch oder Donneschden ëmmer erëm méi oder manner kräfteg Schaueren op, woubäi sech awer d’Sonn och dotëscht weise kënnt. Graupel (kleng Knëppelsteng) esouwéi Blëtz an Donner bleiwe keng Saach vun der Onméiglechkeet, op den héchste Koppe kann et mat enger klenger Warscheinlechkeet och mol nach déi eng oder aner Flack erausdrécken. Méi dozou awer muer am Wochenausbléck.