Rezent Modellkaarten hunn ëmmer erëm op markante bis fläit esouguer warnrelevante Reen higewisen. Dëst ass och ëmmer nach esou, mee net méi grad esou intensiv. Alles wat Dir wësse musst fannt Dir an dësem Artikel.
Advertisement
“Tiefdruckrinne” forméiert sech
Wéi an de leschten Updates ugeschwat, verlagert sech d’Déifdrockgebitt, wat bis ewell iwwert de westlechen a südwestlechen Deeler vum Kontinent louch, ëmmer méi wäit a Richtung Nordosten. Et streckt seng Füleren bis an de Nordoste vun Däitschland eran a forméiert doduerch e Kanal mat déiwem Loftdrock, deen ebe vu Frankräich aus bis dohin geet – am Fach gëtt dat och nach eng “Tiefdruckrinne” genannt.
An enger Tiefdruckrinne forméiere sech ëmmer erëm nei Nidderschléi, ënnerstëtzt vun de mat agelagerte Konvergenzen (Wand stréimt aus verschiddene Richtungen openeen) a klengen Déifdrockkären. D’Problematik bei der Saach ass déi, dass den Héichtewand ëmmer nach net besonnesch ausgepräägt ass. Dat heescht, dass déi entstane Schaueren an Donnerwieder net séier vu Plaz kommen an doduerch och en Iwwerschwemmungsrisk mat sech bréngen. De ganzen Text bis heihin bezitt sech op déi groussflächeg Wiederlag, net explizit op Lëtzebuerg.
Wéi gesäit et mat de Reenzommen aus?
An dësem Artikel probéiere mir eng éischt Kéier méi genee op d’Reenzommen fir Lëtzebuerg anzegoen. Och wann d’Modeller sech ëmmer nach net ganz sécher mat der Positioun vum Reen-Peak sinn, gesäit et aktuell folgendermoossen fir eis aus:
- EMCWF: 25 – 48 l/m²
- EMCWF AI: 30 – 40 l/m²
- ICON-EU: 35 – 60 l/m²
- GFS: 30 – 50 l/m²
- UKMO: 40 – 120 l/m²
Wa mir elo den Duerchschnëtt dovun huelen, da komme mir bei 32 bis 63,6 l/m² eraus, déi viraussiichtlech bis e Sonndenowend inclus sollen erofkommen. Dëst wier markant, mee duerch déi zäitlech Verdeelung ass net zwéngend eng Wiederwarnung néideg.
Et sief awer gesot, dass déi genannt Zommen vu Modeller stamen, déi klengräimeg kräfteg Schaueren an Donnerwieder, déi jo och méiglech sinn, net wierklech erauskristalliséiere kënnen. Dat heescht, dass, wann et blöd kënnt, op lokaler Basis fläit awer nach däitlech méi héich Zommen optriede kéinten (an och innerhalb vu kuerzer Zäit), wann dann awer definitiv warnrelevant wier. Dohier hale mir Iech och weiderhin iwwert d’Situatioun um Lafenden.