Update zur spannender Wiederlag: Weiderhi Flacken & stiermesche Wand an de Kaarten

Eng markant Ännerung kënnt sécher. Ob mir awer op déi méi mëll oder wanterlech Säit vum Déifrockafloss geroden, bleift weiderhin eng spannend Fro. Déi elo rezent Kaarte ginn erëm méi a Richtung Schnéi.

Advertisement

Eng Serie un Updates

Changementer, wéi se de Moment an de Wiederkaarten ze gesi sinn, sinn immens komplex. Dohier ass et z.B. fir eng Standard-Wiederapp aktuell och zimmlech schwéier, fir an der Mëttelfrist de “richtege Riecher” ze hunn. Engersäits verfüügen dës Apps meeschtens just iwwert ee Wiedermodell, wouvun d’Berechnunge net duerch mënschlech Hand iwwerpréift an interpretéiert ginn. Anerersäits schwätze mir hei vun engem Zäitraum, deen e Sonnden, 17. November ugeet. Dëst geet also an de mëttelfristege Beräich, fir deen et souwisou schwéier ass, iwwerhaapt iergendeng Prognos ofzeginn.

Wat mir hei maachen ass, dass mir eis, baséierend op de neitste Leef vun de verfügbare Modeller, lues a lues un den interessanten Zäitraum eruntaaschten. Mir maachen also, streng geholl, keng Prognos – vill méi interpretéire mir, wat d’Kaarten eis de Moment weisen a wéi et sech kéint entwéckelen. Méi ass de Moment nach net méiglech, och wa virun allem an den däitsche Medien schonn gréisser Schlagzeilen opdauchen.

Opfällegkeet: Den europäesche Modell ass méi wanterlech ginn

Wa mir eis den Haaptlaf vum europäesche Wiedermodell ECMWF ukucken an dësen mat dem vu gëschter vergläichen, da mierke mir, dass d’Berechnunge generell méi kill gi sinn. Dat läit dorun, dass déi berechent Zon mat den Déifdrockgebitter, déi eis jo vum Sonnden u soll beaflossen, elo en Tick méi wäit ëstlech, also a Richtung europäesche Kontinent, berechent ginn. Dës kleng “Verschiebung” géif dofir suergen, dass mir net méi op der waarmer Säit vum Déifdrockafloss géife leien, mee zumools a Richtung Mëtt nächst Woch géifen ënnert déi méi kille Beräich geroden. Doduerch dauchen elo am neitste Laf vum europäesche Modell fir en Dënschden, 19. November déi éischt Schnéisignaler op, déi sech esouguer nach bis den 21. November an doriwwer eraus ëmmer erëm weisen. Och de Wand kann an dëser Zäitfënster en Thema ginn, stiermesch soll en awer net ënnerwee sinn.


Déi aktuell Nidderschlags-Berechnungen fir d’Zäitspan vum 18. bis den 22. November | Animatioun: wxcharts.com

Dëse Modell verfollegt aktuell also d’Iddi, dass mir bis e Méinde nach op der méi mëller viichter Säit vum Déifdrockafloss géife leien, ier en Dënschden eng Kalfront déi kal/wanterlech Loftmassen kéint eraloossen.

Amerikanesche Modell weist sech turbulent mat Schnéi & Stuerm

Däitlech méi Beweegung weist ëmmer nach den amerikanesche Modell GFS. An de leschten Updates war dëse bis ewell ëmmer deen Modell, deen dem Schnéi géigeniwwer am optimisteschste war. Dëst ass elo och ëmmer nach esou – geännert huet awer folgendes: Am Verglach zu de leschte Leef huet et sech ëmt eng méi oder manner stabil kill/wanterlech Loftmass gehandelt, déi keng grouss Schwankungen a kuerzer Zäit bruecht hätt. Mëttlerweil deit de Modell un, dass mir et haaptsächlech duerch markant Randdéifer ëmmer erëm mat Stéiss u polare Loftmassen ze di kriiten, déi och de Risk vu stiermeschen Entwécklungen oder och mol dem engen oder anere richtege Stuerm géifen an d’Luucht drécken. Dotëscht géif dat awer och bedeiten, dass mir et mat kuerze Virstéiss vu méi mëlle Loftmassen aus dem Mëttelmierraum ze di kréie kënnen, well mir jo ofwiesselend op der Récksäit an dann erëm der viichter Säit vun de Randdéifer géife leien.


Déi aktuell Nidderschlags-Berechnungen fir d’Zäitspan vum 18. bis den 23. November | Animatioun: wxcharts.com

Alles an allem weist dëse Modell eng immens turbulent Léisung, déi eis eng breet Palett un enger Mëschung aus hierschtlechem a fréiwanterlechem Wieder mam Risk vu stiermeschen Entwécklunge géif bréngen. Doduerch, dass d’Loftmassen ëmmer erëm séier géife wiesselen, wier et awer nach kee nohaltege Wanterabroch. Kéim et also zu enger Schnéicouche, da jeeweils just kuerz. Fir op déi potenziell Schnéihéichten anzegoen, ass et nach vill ze fréi. Fir d’éischt musse mir eis weider un dës spannend Situatioun eruntaaschten.

Fazit

Den Trend, dass et zu engem markanten Ëmschwong kënnt, ass zanter dem vergaangenen Donneschden konsistent. Dass et also zu engem grousse Changement kënnt, ass zimmlech sécher. Wat mir elo iwwerwaachen ass, ob den amerikanesche Modell op senger wanterlecher an turbulenter Schinn bleift an och, ob den europäesche Modell sech elo fir déi méi wanterlech Säit entscheed oder zréck op déi méi mëll Säit spréngt wéi nach am Update vu gëschter.

An de nächsten Deeg kënnt de fir eis interessanten Zäitraum och an d’Reechwäit vun de méi héichopgeléiste Modeller. Spéitstens dann wäert sech lues a lues erauskristalliséieren, wéi sech d’Situatioun kann entwéckelen.