US-Bundesstaat New York: Bal 2 Meter Schnéi iwwert de Weekend zesummekomm

Am Westen vum US-Bundesstaat New York sinn iwwert de Weekend lokal bal 2 Meter Schnéi vum Himmel komm. Dës extrem Quantitéite sinn op de sougenannte "Lake Effect" zréckzeféieren.

Titelbild: @weather_buffalo op Twitter

Westen vu New York vun immense Schnéimasse betraff

Am Westen vum US-Bundesstaat New York, besonnesch an der Géigend vu Buffalo, sinn de Weekend iwwer bal 2 Meter Schnéi erofkomm. Sëlleg Flich sinn ausgefall an Autoe sinn hänke bliwwen – et gung net méi vill. Grond also, de Noutstand auszeruffen. Wärend dem Schnéischëppen sinn zwou Persoune wéinst Häerzproblemer gestuerwen.


Schnéiband, ausgeléist duerch de Lake Effect iwwert dem Lake Erie | Foto via justinweather.com

Verantwortlech fir déi extrem Schnéimassen ass de sougenannte “Lake Effect”. Kill Loftmassen aus dem Westen sinn iwwert de vergläichsweis immens kille Lake Erie gezunn. Waarm Loftmasse steige no uewen, iwwerdeems kill Loftmassen no ënnen drécke – well se méi schwéier sinn. Et forméiere sech Wolleken an doropshin Nidderschléi. D’Waasser vum Séi ass also iwwert e limitéierten Zäitraum souzesoen e Schnéi-Generator, dee sträifeweis ëmmer erëm zolitte Schnéifall u Land transportéiert.


De Lake Effect grafesch duergestallt | Grafik: NOAA / weather.gov

Wéi dat ganzt um Wiederradar ausgesäit, gesitt Dir an dësem Tweet:

Weider Andréck vun Twitter: