Nordamerika: “Once in a generation”-Wanterstuerm mécht sech breet

E grousse Wanterstuerm mécht sech de Moment iwwer Kanada an den USA breet. Heibäi geet et awer net nëmmen ëm vill Schnéi, mee och extrem niddereg Temperaturen.

Gros vu Nordamerika betraff

Dëse Wanterstuerm betrëfft net nëmmen eenzel Géigenden, mee gräift wäit aus. Eng massiv Kalfront hat sech schonn gëschter vu Kanada hier a Richtung USA breetgemaach, duerch déi immens zolitt Temperaturstierz opgetruede sinn. Wa mir d’Beispill vun Denver (Colorado) huelen, dann ass do d’Temperatur vu 6°C op -15°C gefall, dat an Zäit vu nëmmen enger Stonn. Mat dobäi kënnt e stiermesche Wand, duerch deen sech dat alles nach vill méi kal ugefillt huet. Déi gefillt Temperatur ass vu -1°C op -30°C gefall, wat eng uerdentlech Hausnummer ass. Bei dëse Konditioune besteet Liewensgefor, besonnesch wann een ouni sech virzebereeden iergendwou an engem Stau hänkt, wéi dës Twitter-Biller weisen:

-30°F – -40°F entsprieche -34°C bis -40°C, duerch de Wand fillt et sech also onvirstellbar kal un. Iwwerall do, wou de Stuerm nach net mat där Intensitéit agetrueden ass, gëtt staark geroden, sech déck Decken, e Kanister mat Sprit an Iesse mat op de Wee ze huelen, wann ee sech mam Auto deplacéiert.

Stuerm verstäerkt sech

De Kär vum Stuerm verdéift sech an de nächste Stonnen. Eenzelne Quelle no gëtt esouguer vun engem sougenannte “Bomb Cyclone” geschwat – wat der Definitioun e Stuermdéif ass, an deem de Kärdrock an Zäit vu 24 Stonnen ëm 24 hPa fällt. Duerch den immense Schwong vun dësem Déifdrockgebitt gëtt déi immens Keelt muer um Freiden an den Oste vun den USA geblosen. Am ganze sinn de Moment méi wéi 90 Millioune Leit vun enger Wiederwarnung virun engem Wanterstuerm betraff a fir méi wéi 87 Millioune Persoune gëlt d’Warnung wéinst extrem nidderege gefillten Temperaturen (Wind Chill). D’Warnunge gëllen deelweis esouuger un d’Grenze vun Texas & Mexiko, se erstrecke sech an den USA iwwer 37 Staaten.


Wéi sech déi extrem Keelt iwwert dem nordamerikanesche Kontinent breet mécht | Animatioun: wxcharts.com

Warnunge virun extrem nidderegen Temperature ginn et och a Kanada, betraff sinn haaptsächlech British Columbia, Alberta a Saskatchewan. Och Deeler vu Yukon & Northwest Territories leien ënnert dëse Warnungen. A Richtung Oste gëllen éischt Warnungen duerch immens niddereg Temperaturen, dat fir Ontario & de Süde vum Quebec. Et sinn och eng Partie Virwarnunge virun engem Schnéistuerm aktiv, wat jo drop zréckzeféieren ass, dass d’Déifdrockgebitt sech an de nächste Stonnen immens verstäerkt an doduerch och e méi staarkt Wandfeld generéiert. Zur selwechter Zäit komme grouss Quantitéiten u Schnéi erof, plazeweis ass mat méi wéi engem hallwe Meter Schnéi ze rechnen.

Am Nordoste vun den USA kënnt emol net esou vill Schnéi erof, ëm 20 cm sinn ze erwaarden. D’Gefor geet awer haaptsächlech vum Wand & der extremer Keelt aus.

De National Weather Service huet an engem vun hire Bulletinen vun engem “Once in a generation” Wanterstuerm geschwat. Et ginn also nach e puer batterkal Stonnen, ier et de Weekend erëm méi waarm gëtt.