Vakanz am Ausland: Onwieder duerch Stuerm a vill Reen am Mëttelmierraum ze erwaarden

Am Laf vum Weekend klëmmt d’Onwiedergefor am Mëttelmierraum. Se zitt sech vu Nordostspuenien iwwer Südfrankräich, Palma, Sizilien an dann och nach an aner Deeler vun Italien eran. D’Haaptgefor besteet duerch vill Reen an och Stuerm.

Advertisement

D’Situatioun

Am Laf vum Weekend treffen däitlech méi kill Loftmassen op den immens waarme Mëttelmierraum, wouduerch sech aus de Pyrenäen eraus en Déifdrockgebitt entsteet, wat sech dann iwwert dem Mëttelmier wäert weider verstäerken. D’Konsequenz si gréisser Reenzommen duerch staarke Reen, mee awer och zolitte Wand deen ënner Ëmstänn kann Orkanstäerkt erreechen.


De Verlaf an d’Entstéiung vum Déifdrockgebitt | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Schonn e Freiden entstinn iwwert dem südleche Frankräich bis an d’Schwäiz an deels och an déi italienesch Alpen eraus déi éischt méi kräfteg Schliet. E Samsde kraacht et besonnesch iwwert den Alpen ier dann vun e Sonnden un dat besot Déifdrockgebitt an d’Spill kënnt. E Sonnde selwer ass Nordostspuenien hier iwwert de Süde vu Frankräich mat zolitte Nidderschléi ze rechnen, déi sech bis erop an d’Schwäiz zéien. Duerno verdiéift sech dat ugeschwatent Déifdrockgebitt a beweegt sech mat sengem Kär iwwert dem westleche Mëttelmier a Richtung Norditalien. Op sengem Wee ass iwwer Ostspuenien mat potenziellen Onwieder ze rechnen, vum spéidere Virmëtten un viraussiichtlech och iwwer Palma. An der Nuecht op e Méinden ass iwwer gréisseren Deeler vu Sardinien, der Corse an dem nordwestlechen esouwéi westlechen Italien mat weideren onwiederaartegen Entwécklungen ze rechnen, déi weiderhi mat zolittem Reen a Wand a Verbindung stinn. Am Laf vum Méinden verlagert sech de Reen a Richtung Norditalien.


Déi viraussiichtlech akkumuléiert Reenzommen bis e Méinden inclus | Grafik: wxcharts.com

Den däitschen ICON rechent bis e Méinden inclus mat Reenzommen vun tëscht 80 an 150 l/m² am äusserste Nordoste vu Spuenien, an der Nordküst vu Palma wieren deemno wéi tëscht 50 an 80 l/m² net ausgeschloss. De Nordweste vun Italien esouwéi och déi westlech italienesch Alpen hätten et dem selwechte Modell no mat iwwer 250 l/m² Reen ze dinn, iwwerdeems och den europàesche Modell an der selwechter Géigend mat änleche Wäerter rechent. Iwwert dem Rescht vu ganz Norditalien verdeelt sinn tëscht 30 an 80 l/m² ze erwaarden.


Déi viraussiichtlech Entwécklung vun de Wandvitessen bis e Méinden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Vum Sonndemoien u gëtt de Wand vu Spuenien aus ëmmer méi spierbar a wäert bis an déi nei Woch eran iwwert dem westleche Mëttelmierraum, inklusiv iwwer Nordsardinien & dem Süde v un der Corse aktiv sinn. Berechent gi Vitesse vun tëscht 100 an 130 km/h an de Spëtzten.