Schonn elo ass et lëfteg un der Nordséi, dat duech Iwwerreschter vum Ex-Hurrikan ERNESTO. Muer ass awer mat engem méi kräftege Stuermfeld ze rechnen, duerch dat och mol ongeséchert Zelter kënne fortfléien.
Advertisement
Hollännesch Küsten am meeschte betraff
D’Stuermfeld erreecht an der Nuecht d’brittesch Inselen a wandert am fréie Freidemoien op d’Nordséi eraus. Grouss Deeler vun der Séi hunn et dann mat schwéiere Stuermstéiss ze dinn, déi Vitesse vun tëscht 100 an 130 km/h kënnen erreechen – wéi gesot, um oppene Mier. Bis an de spéidere Nomëtten era wäert sech dëst Stuermfeld schonn bis a Norwegen resp. Schweden verzunn hunn, et geet also zimmlech séier.
Ier et awer do ukënnt, gëtt et e Freiden un de Nordséiküsten lëfteg bis stiermesch. Um fréie Moie geet et lass, schonn vu géint 15 Auer u fänkt et un der belscher Küst un méi roueg ze ginn. Déi nërdlech hollännesch Küsten, mat Grenz zu Däitschland, hunn et nach bis ronderëm 18 Auer mat stiermeschem Wand ze dinn.
Vun de Vitessen hier ass laanscht déi Belsch Küst mat 60 bis 80 km/h ze rechnen, op der hollännescher Säit kënnen et méi verbreet bis zu 80 sinn. Mir schwätzen hei vun engem Beräich, deen sech vu Middelburg bis erop op den Haag zitt. Ongeféier vun der Héicht Ijmuiden/Beverwijk an Holland un bis erop op Harlingen, Dokkum (inkl. den Inselen Den Burg, Oost-Vlieland, Oosterend, Nes a Schiermonnikoog), sinn virun allem tëscht dem spéidere Virmëtten bis an de Nomëtten era Vitesse vun tëscht 80 an 100 km/h méiglech, punktuell och 105 km/h.
Dës Informatioun ka besonnesch fir déi Leit relevant sinn, déi sech grad dohannen an der Vakanz ophalen. Sollt Dir op engem Camping sinn, da séchert Äert Zelt nach zousätzlech.
Och bei eis lëfteg
Heiheem kréie mir och e bëssen eppes vun dësem Wandfeld mat, dat awer net a Stuermstäerkt. Mat Vitesse vun tëscht 40 a 60 km/h wäert de Wand, op d’mannst kuerzzäiteg, méi stramm ënnerwee sinn. Am warscheinlechsten ass dat tëscht 11 a 16 Auer de Fall.