
Zanter dem Méinden huet et iwwert dem Nordweste vun Italien a Südoste vu Frankräich schonn tëscht 100 an 200 l/m² gereent. Bis Enn der Woch kënnt nach e Stéck dobäi, mee och de Nordweste vu Portugal a Spuenie réckelt an de Fokus.
Advertisement
Kräftegt Déif am Mëttelmierraum
De ville Reen am Südoste vu Frankräich an dem Nordweste vun Italien kënnt doduerch zustanen, dass en Déif de Reen widdert d’Alpen dréckt an doduerch eng sougenannt “Stau-Lag” entsteet. Net alles vun dësem Reen kënnt am flëssegen Zoustand erof, mee op de Bierger ass et Schnéi. An de nächste Stonne wäert sech e weidert Déif iwwert dem Mier forméieren, wat sech bis muer de Moie fréi mat engem anere klengen Déif zesummendeet. De Loftdrock geet staark erof, je no Modell esouguer bis op ënner 990 hPa. Ugedriwwen duerch massiv Ënnerscheeder vu Loftdrock an Temperatur existéiert dann also esouguer e Stuermdéif, wat weideren zolitte Reen widdert d’Südsäit vun den Alpen dréckt.

Bis e Sonnden inclus rechent den europäesche Modell nach eng Kéier lokal méi wéi 200 l/m², den däitschen ICON-EU an de franséischen ARPEGE hunn eng méi extreem Léisung mat iwwer 400 l/m² parat. Och op Corse an op Sardinien kënne Reenzomme vun tëscht 70 an 160 l/m² ze erwaarden.
Deeler vu Portugal a Spuenie kréien och vill Reen
An der nächster Nuecht verlagert sech en Déifdrockgebitt vum oppenen Atlantik a Richtung westeuropäesche Kontinent. D’Frontesystemer vun dësem Déif beaflossen zumools e Beräich vum Weste vu Frankräich bis erof an den déiwe Süde vu Portugal.

Doduerch, dass sech de Kär vum Déif vum Freidenowend un op de Nordweste vu Portugal a Spuenien duerbeweegt an e Samschdemëtten och do ukënnt, kann et zumools do zu grousse Reenzomme kommen. Bis e Sonnden inclus sinn am Raum Porto, Braga, Vigo a La Coruna (Spuenien) iwwer 100 l/m² ze erwaarden, esou den europäesche Modell. D’Modeller si sech driwwer eens a weisen alleguer änlech Wäerter.