Variablen Donneschden: Schaueren an eenzel Donnerwieder, dobäi lok. Flacke méiglech

Muer um Donneschde baut sech erëm e bëssen eppes un Energie op, wouduerch am Laf vum Dag Schaueren duerchzéien, och eenzel Donnerwieder sinn erëm méiglech. Eenzel Flacken a kleng Knëppelsteng (Graupel) kënnen och mat dobäi sinn.

Advertisement

Änlechkeeten mat vergaangenem Weekend

De leschte Weekend, haaptsächlech awer um Samsden, koum et duerch liicht instabil Loftmassen zu ville Schaueren an och eenzelnen Donnerwieder. Dës hunn op ville Plazen kleng Knëppelsteng bruecht, lokal huet sech awer och erëm de Schnéi konnte weisen. Dëst louch dorun, dass mir iwwert eise Käpp däitlech méi kill Loftmasse leien haten wéi bei eis um Buedem. An der Meteorologie nennt een dat och nach Instabilitéit, a genee dat wäert dann och erëm en Donneschden an änlecher Form de Fall sinn.


Wéi sech déi kill Loftmasse muer um Donneschde viraussiichtlech wäerten iwwert eis ewechbeweegen | Animatioun: wxcharts.com

Esou wéi d’Modeller et de Moment gesinn (Stand: 27.03.2024 – 09:30), wäerten d’Temperature muer um Donneschden op 1,5 Kilometer Héicht tëscht -2 an 1 Grad leien – iwwerdeems hu mir mir et hei ënnen um Buedem awer mat Maximalwäerter vun tëscht 7 an 11 Grad ze dinn, wat also eng däitlech Differenz ass. Mat dobäi gëtt mat enger potenzieller Energie (Convective Available Potential Energy = CAPE) vu punktuell 100 bis 250 J/kg gerechent, gekoppelt mat enger gewësser Richtungs- a Geschwindegkeetsännerung vum Wand mat der Héicht. Dëst alles dréit zur Warscheinlechkeet bäi, dass sech tëscht de Schaueren och e puer méi kräfteg Zelle kënne forméieren. Et sinn zwar ëmmer nach net d’Donnerwieder aus dem Summer, an awer geet et mol duer fir Staarkreen, kleng Knëppelsteng (Graupel) bis hin zu lokaale Stuermstéiss. Ausserhalb vu Schauere beweegt de Wand sech muer schonn bei ëm 60 km/h, ënnert de kräftegste Schliet wieren allerdéngs och mol Stuermstéiss vun ëm 75/80 km/h net ausgeschloss – mee dat sinn Ausnamen.

Wéi genee sech d’Schauere verdeelen, ass natierlech ongewëss. Et gesäit generell, mol erëm eng Kéier, no Abrëllswieder aus. Dotëscht ka sech d’Sonn och weise kommen.