Zanter dem Weekend sinn d’Berechnungen zu engem Vb-Déif, wat fir markant Iwwerschwemmunge ka suergen, ëmmer méi an de Fokus geroden. Elo steet fest, dass sech den Onwiederberäich iwwer Deeler vun Däitschland wäert leeën.
Advertisement
Onwiederlag iwwer Deeler vu Süd a Südostdäitschland
Am Artikel vu gëschter hate mir genee beliicht, wat e sougenannt “Vb-Déif” iwwerhaapt ass. De Fazit war och deen, dass sech opgrond vu gréisseren Onsécherheeten tëscht de Modeller nach net soe gelooss huet, wou de warnrelevanten Deel vum Reen wäert erofkommen. An de leschte 24 Stonnen hu sech d’Berechnungen awer geännert, d’Modeller schénge sech agependelt ze hunn. Am Fokus steet e Beräich vu Süddäitschland bis an den Osten eran – mir zu Lëtzebuerg sinn also net vun dësem Gebit betraff, an dem et leider och zu méi schroen Iwwerschwemmunge komme kann.
Aktuell Modellrechnunge ginn dovun aus, dass an de genannte Gebitter bis a de Méinden inclus tëscht 100 an deels 150 l/m² Reen kënnen erofkommen. Héichopgeléist Modeller, wéi beispillsweis den däitschen ICON-EU, wëll punktuell esouguer ëm 170 l/m² net ausschléissen. Och wann et schonn virdrun reent, wäert d’Onwiederlag u sech vum Freiden un ugoen a sech bis an de fréie Moie vum Méinden, 3. Juni 2024, halen. Do, wou sech de Reen staut, kann et punktuell fir nach méi grouss Zommen duergoen.
Den däitsche Wiederdéngscht huet reagéiert an huet de Mëtte schonn eng “Vorabinformation” virun dësem Dauerreen erausginn.