Dat schrot Onwieder vum vergaangene Samsde koum net iwwerraschend: Schonn en Dënschden, véier Deeg virdrun, hate mir iwwert déi éischt Undeitungen zu dësem Donnerwiedersystem geschwat. Eng Chronik.
Advertisement
D’Modeller hunn zimmlech fréi ugeschlo
Et kënnt net all ze oft vir, dass d’Wiedermodeller schonn esou fréi am Viraus Undeitungen op eng méiglech Onwiederlag weisen wéi et an dësem Fall war. Dorënner däerf een sech awer elo och net virstellen, dass dann schonn all d’Détailer kloer sinn. Et ass e bëssen, wéi wann een mat der Kamera e verschwomment Bild huet an a Richtung relevanten Datum de Fokus ëmmer méi schaarf stellt – esou taaschte sech d’Modeller mat hire Berechnungen un d’Donnerwiederlag erun.
En Dënschdenowend, 25. Juni 2024 hate mir an engem Artikel schonn kuerz ugeschnidden, dass fir e Samsden d’Warscheinlechkeet vun engem gréisseren Donnerwiedersystem géif berechent ginn. Schonn deemools ass aus der Auswäertung ervir gaangen, dass eis de System zimmlech no kéint kommen, mee méiglecherweis knapp südlech un eis laanscht kéint zéien.
E Mëttwochmoien um 11 Auer hu mir eis déi ganz Situatioun nach méi genee ugekuckt: Geschwat hu mir vun den atmosphäreschen Zutaten, déi en immenst Potenzial fir eng grouss Onwiederlag opzeweisen hat. Doropshin hu mir eng éischt Aschätzung gewot, déi Dir hei uewendriwwer op der Grafik gesitt. Mir wollten eis nach net ze vill op méiglech Intensitéite festleeën, mee de Risk vun zolittem Reen a schwéiere Stuermstéiss war bewosst. Och vu Knëppelsteng ass geschwat ginn, déi a Realitéit awer glécklecherweis nëmmen a rare Fäll erofkomm sinn. Betount gouf och schonn ausdrécklech, dass d’Fro besteet, ob eis de System knapp “verfeelt” oder ob awer e méi kräftegt Segment iwwert eist Land ewechzitt.
En Donneschdenowend, 27. Juni ass et schonn e gutt Stéck méi konkret ginn: Déi meescht Modeller hu fir eis Géigenden e gréisseren Donnerwiedersystem berechent, dohier hu mir d’Gefor vu Knëppelsteng, zolittem Staarkreen mat Iwwerschwemmungsgefor an och schwéiere Stuermstéiss vun iwwer 100 km/h méi ausdrécklech betount. Bei idealer Iwwerlappung vun alle Parameter wier e breede Spektrum vun alle Wiedergefore méiglech, esou den Artikel. An Tëschenzäit war kloer, dass de System, duerch seng immens Gréisst, och Lëtzebuerg géif beaflossen – wat awer ëmmer nach e Fragezeichen war, war déi Saach mat de Segmenter: Geet et bei eis mat engem manner staarken Deel iwwert d’Bün, oder erreecht eis e méi staarkt Segment? Betount gouf och, dass een sech a Gefor begëtt, wann een u Public Viewingen géif deelhuelen.
De Freiden um 09:51 Auer hu schonn mol e virleefegen Donnerwieder-Outlook fir de Samsde publizéiert. Op dësem war ze gesinn, dass déi gréisst Gefor mol nach haaptsächlech knapp südlech a südëstlech vun eis géif bestoen, iwwerdeems awer och bei eis Phänomeener mat onwiederaartegem Charakter méiglech wieren.
De Fuerplang zur Situatioun koum nach um selwechten Owend um 18:06 Auer, de Fazit: Mat Chance zitt de gröbsten Deel un eis laanscht, mee et soll ee sech net drop verloossen an d’Situatioun genee am Aen halen an och eescht huelen. Um 19 Auer hu mir déi ganz Situatioun och an engem Livestream genee thematiséiert.
De Samsden, 29.06.2024
Den Dag war do an d’Wiedermodeller hu sech nach e bësse geännert. De Schwéierpunkt ass ëmmer méi a Richtung Westen gedréckt ginn – a fir dësen Trend ze confirméieren, hu mir nach e bësse méi laang op déi nei Modell-Leef gewaart ier dunn den definitiven Donnerwieder-Outlook online gaangen ass. An tatsächlech: Op eemol stung Lëtzebuerg mat am Fokus. Dëst war den Outlook:
An dësem gouf op e Neits ënnerstrach, dass et am roude Beräich (ERHEICHTE RISK) zu Iwwerschwemmungen, extreemem Staarkreen, Knëppelsteng a schwéiere Stuermstéiss bis Orkanstéiss kéint kommen. Och en Tornado wier net ausgeschloss. Op folgende Grafike gesitt Dir de Verglach tëscht der Prognos an dem tatsächlechen Verlaf:
Och eis definitiv Virwarnung, déi mir kuerz virun 18 Auer erausginn hunn, huet d’Geforen nach eng Kéier ënnerstrach a confirméiert:
Géint 22 Auer ass de System esou richteg zu Lëtzebuerg ukomm. D’Knëppelsteng sinn zwar meeschtens ausbliwwen, de Fokus louch méi um Wand an och um Reen. Am Südweste vum Land si punktuell iwwer 60 l/m² a kuerzer Zäit erofkomm, et koum zu Iwwerschwemmungen. Wat de Wand betrëfft goufen an e puer Fäll bis knapps ënner 100 km/h gemooss, tëscht de Statioune war et awer däitlech méi – dat ergëtt d’Schuedensbild.
Mir hunn d’Leit de ganzen Owend laang um Lafende gehalen. Dëse Verlaf fannt Dir nach komplett hei an eisem Liveticker.
E sougenannte Bow-Echo ass iwwert d’Land ewechzunn, deen a Verbindung vun Down- a Microbursts stung. Op grousser Fläch koum et also zu de benannte Stuermstéiss, déi punktuell och Orkanstéiss mat sech bruecht haten. Stand aktuell ass et laut däitschem Wiederdéngscht DWD plausibel, dass zu Biwer um Breinert och en Tornado kann um Wierk gewiescht sinn. Zu Biissen gëtt et en änleche Fall, hei sinn d’Analysen awer nach amgaangen.