Verréckte Wiedermix de Weekend: Update zu de Schnéiflacken, Dimmeren & Graupel

Muer ass den Dag: D’Temperature falen ëm gutt 10°C, de Wanter mellt sech nach eng Kéier zréck – mee och en Donnerwieder ka mol mat drënner sinn. Dëst ass en Update.

Advertisement

Verfréit Abrëllswieder

De Weekend stëmmt sech d’Wieder alt schonn emol op den Abrëll an: Vu knapp 20 Grad an dëser Woch geet et muer gutt 10 Grad an de Keller, esouguer Flacke ginn erëm e klengt Thema. Heizou hate mir schonn e puer Updates bruecht, de leschte kënnt Dir beispillsweis hei noliesen.

Haut gëtt et awer Zäit fir e frësche Bléck op d’Situatioun. Eis erwaart e richtegt Gemësch aus verschiddenen Zorten u Nidderschléi – den een oder anere freet sech och, ob dann fläit awer eppes klenges u Schnéi kéint leie bleiwen.

De Verlaf

Muer klëmmt schonn vum spéidere Moien/fréie Virmëtten un d’Warscheinlechkeet vun den éischte Flacken am Reen, haaptsächlech op de Koppen am Norden. D’Schnéifallgrenz touchéiert dobäi haaptsächlech mol déi héchst Punkten vum Land. Vum spéidere Virmëtten un kënnt d’Situatioun richteg un d’Rullen, ëmmer méi Schauere forméiere sech. Dës trieden am ganze Land verdeelt op, a besonnesch am Beräich vu méi kräftege Nidderschléi kann et och mol op ongeféier 350 Meter erof zu Flacke kommen – déi awer net leie bleiwen. Fir de Rescht hu mir et mat enger geréngfügeger Instabilitéit vun eise Loftmassen ze dinn, déi dozou féiert, dass et och mol zu engem lokalen Donnerwieder ka kommen. Duerch déi kill Loftmasse besteet dobäi d’Warscheinlechkeet vu klenge Knëppelsteng (Graupel). Je no Intensitéit kënnen dës och dofir suergen, dass et kuerz bësse wäiss gëtt.


Esou änlech kënnen d’Schaueren de Samsden iwwert eis ewechzéien | Animatioun: wxcharts.com

Tëscht de Schauere kënnt d’Sonn och mol luussen, a mat Chance weist sech och kuerz e flotte Reebou ier déi nächst Schauer usteet. Net ze vergiessen ass awer och, dass de Wand uerdentlech ze spieren ass. Spëtzte bis ëm 60 km/h kënnen optrieden, besonnesch ënnert verschiddene Schliet.

Alleng wat de Schnéifall ugeet schwankt d’Schnéifallgrenz vum Mëtten un bis an de spéideren Owend eran tëscht 400 a 600 Meter, ebe just bei méi kräftege Schliet kann och mol drënner eng Flack virkommen. Mee wéi ass et dann elo eigentlech mat enger Schnéicouche, wann iwwerhaapt?

Schnéifall setzt sech net duerch

Duerch dëse verréckten Intermezzo aus bal allem kann et punktuell sinn, dass de Schnéi fir eng kuerz Zäit d’Landschaft kann unzockeren. D’Chancen dofir si logescherweis op den héchste Koppen am beschten.


De Verlaf vun enger méiglecher Schnéicouche laut dem europäesche Wiedermodell – dësen ass awer tendenziell ëmmer iwwermotivéiert fir Schnéi | Animatioun: wxcharts.com

Den eenzege Modell, deen e lokalen Zentimeter Schnéi um Buedem gesäit, ass den europäeschen ECMWF. Well en, wéi gesot, esou zimmlech alleng do steet, sollt ee sech als Wanterfrënd kee richtege Comeback vum Schnéi erwaarden. Wann et geschitt, dann ass et héchstens fir e puer Minutten oder mol déi eng oder aner Stonn, an dann ass erëm alles fort.

Wéi ass et dann de Sonnden?

E Sonnden ass et haaptsächlech bis an de fréie Nomëtten eran ganz änlech wéi nach e Samsden, ier dann am Laf vum spéidere Nomëtte vu Westen hier eng Besserung asetzt. Esouguer d’Sonn soll sech nach eng Kéier kënne weise kommen, ier se dann schlussendlech ënnergeet.