Vill Stäreschnäizen: D’Geminiden erreeche geschwënn hire Maximum

Wéi all Joer ëm dës Zäit sinn erëm immens vill Stäreschnäizen ze gesinn. Et handelt sech dobäi ëmt déi sougenannt Geminiden, déi d'nächst Woch hire Maximum erreechen.

Advertisement

Advertisement

140 Stäreschnäizen d’Stonn

Och wann de Maximum eréischt an der Nuecht op de 15. Dezember erwaart gëtt, sinn elo schonn méi Stäreschnäizen ze gesinn wéi soss. Dat läit dorun, dass de Meteorstroum vun de Geminiden generell vum 4. Dezember un aktiv ass a sech bis den 20. Dezember hält.

D’Stéckzuel vun de Stäreschnäize vun de Geminiden huet an de leschte Joren zougeholl. Ëm 1980 waren et nach knapp ënner 80 Stéck, déi ee bei perfekte Konditioune konnt beobachten. Mëttlerweil sinn et 140 d’Stonn an d’Tendenz weist weider no uewen. De Grond dofir ass deen, dass sech d’Ëmlafbunn vun de Geminiden amgaangen ass ze veränneren. Duerch d’Gravitatiounswierkung vun der Äerd a vum Jupiter ass de Meteorstroum der Äerd mëttlerweil däitlech méi no komm.

Wou kommen d’Geminiden hier?

De Radiant, also de Punkt, vun dem d’Stäreschnäizen ze komme schéngen, ass d’Stärebild Zwilling. Dëst ass gutt duerch déi zwee hell Haaptstäre Castor a Pollux ze erkennen a befënnt sech a Richtung Südwesten. Am beschten ze gesinn sinn se esoubal et däischter ass. Beweegt Iech dozou och wäit ewech vun alle Liichtquellen: Ideal ass eng Plaz iergendwou matten an engem Feld wäit ausserhalb vun enger Uertschaft.


De Radiant vun de Geminiden

Wéi bei all Meteorstroum duerchflitt d’Äerd d’Stëbswollek vun engem Asteroid. Bei de Perseiden, déi am August hire Maximum erreechen, ass et den 109P/Swift Tuttle. Bei de Geminiden ass de Koméit Phaeton fir d’Schauspill verantwortlech. Beim Duerchfléie vun der Stëbswollek geroode kleng Partiklen an eis Ärdatmosphär a vergléien. Dëst nenne mir dann Stäreschnäizen.

Wéi gesäit et mam Wieder aus?

D’Situatioun mam Wieder erschwéiert d’Beobachtung natierlech e gutt Stéck. Bis de 14. Dezember ginn et an de Nuechte nëmmen heiansdo méi kloer Momenter. Wéi mir awer wëssen, gëtt de Maximum an der Nuecht op de 15. November erreecht – a fir déi Nuecht kann et mat Chance zu e puer méi Wollekelächer kommen. De Niwwel huet zwar och nach e Wuert matzeschwätzen, mee dat kann een eréischt ofschätze wann et esouwäit ass. Nach besser sollen d’Konditiounen aus aktueller Siicht gesinn an der Nuecht op de 16. Dezember sinn. Och wann de Maximum dann zwar schonn passéiert ass, gesäit een se trotzdeem nach. De Meteorstroum hält bei eis jo, wéi gesot, bis den 20. Dezember.