Héije Loftdrock iwwert dem Südoste vum Kontinent an déiwe Loftdrock iwwert de britteschen Inselen suergt muer fir e markante Virstouss vu vill ze mëlle Loftmasse fir d’Joreszäit.
Advertisement
Markante Waarmloftvirstouss aus dem Südwesten
Wéi meeschtens bei Virstéiss vu waarme Loftmassen ass en Déifdrockgebitt iwwert dem Atlantik dofir verantwortlech, dass dës Loftmassen aus dem déiwe Südweste vun Europa ugezaapt an dann an eis Géigenden transportéiert ginn. Zur Ënnerstëtzung kënnt dann och nach en Héichdrockgebitt dobäi, wat mat sengem Kär iwwert dem Balkan läit. Mat senger Stréimung mat der Auer gëtt d’Zoufuer vun de waarme Loftmassen zousätzlech verstäerkt.
De Modeller no soll d’laangjäreg Moyenne zu Lëtzebuerg ëm 8 bis 10 Grad iwwertraff ginn. Mee wat heescht dat elo konkret? Kucke mir eis d’Modellrechnungen un, da gëtt mol sécher mat Wäerter vun tëscht 11 an 13 Grad gerechent. Zumools a Richtung Südoste vum Land sinn awer och Maximalwäerter vu bis zu 15 Grad warscheinledch, deemno wéi kéint et ganz am Südosten, un de Grenzen zu Däitschland a Frankräich, punktuell och mol fir 16 Grad duergoen.
Och wann domat de Februar-Rekord vu 19,8°C um Findel aus dem Joer 2019 net erreecht oder iwwertraff gëtt, ass et vill ze waarm fir d’Joreszäit. Déi duerchschnëttlech Dages-Maximaltemperatur fir e Februar läit nämlech bei 5,2 Grad, iwwerdeems déi generell Moyenne bei 2,2 Grad läit.