Vill ze waarem? En éichte Bléck op Chrëschtdag

Chrëschtdaag réckt ëmmer méi no, soudass et no a no méigleg ass, méi verlässlech Prognosen ze maachen. Waat de Schnéi ugeet sinn d’Modeller de Moment awer alles aneschters wéi optimistësch.

Ëm 10 Grad ze waarem?

Wéi all Joer si Prognosen zum Thema “Kréie mir wäiss Chrëschtdeeg” oft gefroot. Vir awer net ze vill spekuléieren ze mussen, hunn ech mech dozou entscheed, mech elo réicht zu dem Thema zu Wuert ze mellen. E klengen Abléck dozou haat ech schon am leschte Livestream op Facebook (16. Dezember) ginn.

Am Moment schwätzen d’Modellrechnungen eng kloer Sprooch: Den europäëschen ECMWF souwéi den amerikanësche GFS simuléiere vir Hellëgowend a Chrëschtdag selwer däitlech ze héich Temperature, vir dass sech eng bestännëg wanterlëch Wiederlag opbaue kann. Gleeft een den aktuelle Simulatiounen, da sollen d’Temperaturen un Hellëgowend plaatzeweis 10 Grad iwwert der Moyenne leien. Kloertext: Berechent ginn Temperature vu knapp iwwer 10 Grad, waat gläichzäitëg ongeféier 10 Grad iwwert dem 30 jährëge Mëttel läit. U Chrëschtdag selwer sollt et dann awer scho rem méi kill ginn. Am Dag solle nach ëm 7 Grad ereecht ginn, um Owend geet et op 4 Grad eroof.

Wéi gesäit et mat de Nidderschléi aus? Mir hu bisewell rausfonnt, dass et d’Chrëschtdeeg iwwer viraussiichtlech däitlech ze waarem gi wärt. D’Modeller berechne parallel dozou och nach mat nennenswerte Nidderschlagsquantitéiten. Sou sollen un Hellëgowend ëm 10 bis 25 l/m² eroofkommen. Duerch déi héich Temperaturen fällt daat ganzt wuel net als Schnéi.

Ka sech un den Aussiichte nach eppes änneren? Jo, e puer Klengëgkeete kënne sech un de Simulatioune nach veränneren, zumools d’Reenquantitéiten. D’Bild sollt am Allgemengen awer daat selwecht bleiwen: D’Chancen op wäiss Chrëschtdeeg sti net besonnëg gutt a si nëmme schwéier an d’Luucht ze drécken. Mëllt a naasst Wieder ass méi wahrscheinlech wéi kaalt a wanterlëcht.

Temperaturanomalie (wxcharts.eu)