Vill ze waarm fir Ufank Abrëll: 30°C iwwer M-Europa fir de Weekend net ausgeschloss

Et ass zwar nach als eng Momentopnam ze gesinn, mee vill Modeller tendéieren an déi Richtung. Och zu Lëtzebuerg géif et summerlech ginn. Dëst ass keen Abrëllsgeck.

Advertisement

Nei Rekorder méiglech

Sollten d’Berechnunge wéi se elo sinn an e puer Deeg nach méi oder manner d’selwecht ausgesinn, da kann een dovun ausgoen, dass vill Statiounen iwwert dem Zentral- a Mëtteleuropa nei Rekorder moossen. Sollt et wierklech zu 30 Grad kommen, da géif et sech op dëse Plazen zu de fréisten jee gemoossenen 30 Grad handelen – oder an anere Wierder: Da wier et nach ni esou fréi an engem Abrëll schonn esou waarm gewiescht. Déi aktuell Rekorder staame vum 20. Abrëll 2018, also zimmlech spéit am Mount.

Mee elo mol der Rei no, wéi ass dat iwwerhaapt méiglech?

Duerch déi vill Déifdrockgebitter, déi mat hire Kären knapp westlech un eis laanschtzéie, gerode mir ënnert eng stabil südwestlech Stréimung. Fir Enn der Woch soll e méi markant Déifdrockgebitt knapp westlech vun de britteschen Inselen dofir suergen, dass immens waarm Loftmassen aus dem déiwe Südweste vun Europa a Richtung Mëtteleuropa gelenkt ginn.


Aussergewéinlech Berechnunge momentan fir de nächste Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Et gi 15 Grad, deels esouguer 20 Grad, an enger Héicht vun 1,5 Kilometer berechent. Op de Buedem iwwerdroe wieren dat ebe plazeweis déi ugeschwat 30 Grad fir e Samsden, 6. Abrëll.

Wou géif et dann am wäermste ginn?

Déi meescht Modeller gesinn iwwert dem Südwesten a Südoste vun Däitschland déi héchst Temperaturen, an de Spëtzte wieren 28 bis 30 Grad denkbar. E weideren Hotspot wier méiglecherweis de Nordosten, wou gutt 25 Grad géifen erreecht ginn – änlech Wäerter wieren och fir de Nordwesten dran, gläichzäiteg awer och Deeler vun der Belsch.

Geet et dem europäesche Modell no, da wier iwwert dem zentrale Frankräich mat eppes iwwer 30 Grad ze rechnen, dat am Raum Orléans a Bourges. Ganz am Südwesten, am Raum Mont-de-Marsan, wieren och iwwer 30 Grad dran.

A wéi ass et mat Lëtzebuerg?

Den europäeschen, däitschen an och den amerikanesche Modell rechnen aktuell tëscht 20 an 24 Grad fir Lëtzebuerg. Dass se sech esou wäit am Viraus esou eenz sinn, dat gesäit ee net esou oft. An awer: Dëst si nach keng definitiv Wäerter an och keng Prognos. Mir taaschten eis elo Dag fir Dag un d’Saach erun.