Vill ze waarm: Rekorder a Südfrankräich méiglech, och heiheem vill ze héich Temperaturen

Iwwer groussen Deeler vun Europa ass et vill ze waarm fir d'Joreszäit. Am Südweste vu Frankräich sinn en Donneschden 33 Grad méiglech, dat un engem 27. Oktober!

Rekordverdächteg Temperaturen duerch südwestlech Stréimung

De Gros vum europäesche Kontinent läit ënnert enger ongewéinlech waarmer südwestlecher Stréimung, duerch déi et vill ze waarm fir d’Joreszäit ass. Schonn virun 2 Wochen war et ze waarm, mee et schéngt riicht esou virun ze goen.


D’Temperature fir den Donneschden am Südweste vu Frankräich stieche gutt eraus | Grafik: wxcharts.com

Am Südweste vu Frankräich leien d’Temperaturen esou héich wéi normalerweis am Summer: fir de Mëttwoch si Maximaltemperature vun tëscht 24 a 29 Grad virgesinn. Den Donneschden toppt dat Ganzt awer nach däitlech, tëscht 30 an 32 Grad sinn ze erwaarden, punktuell sinn esouguer 33 Grad méiglech. Och esou wäit südlech ass dat fir e 27. Oktober extrem ongewéinlech – sollt et esou kommen, da sinn definitiv nei Rekorder méiglech. Freides soll et mat 27 bis 31 Grad virgoen, de Samsde mat 26 bis 29 Grad an de Sonnde mat 25 bis 28 Grad.

D’Temperaturen heiheem

Heiheem gëtt et zwar net grad esou waarm, allerdéngs leie mir ënnert de selwechte Loftmassen. Zumools de Weekend kënne mir et mat enger Temperaturanomalie vu +/- 9 Grad ze di kréien – den Duerchschnëtt géif also ëm 9 Grad iwwertraff ginn, wat eng uerdentlech Hausnummer ass.


Immens Loftmassentemperatur-Anomalie de Weekend | Grafik: wxcharts.com

Vum Temperaturverlaf hier, sinn muer um Mëttwoch 16 bis 20 Grad ze erwaarden, den Donneschden 18 bis 21 Grad an de Freiden 20 bis 23 Grad. De Weekend soll et immens waarm virugoen, dat mat tëscht 19 an 22 Grad. Och bei eis heiheem sinn esou Wäerter alles anescht wéi normal. Op d’Loftmassentemperatur op 1,5 km Héicht bezunn, kann esouguer eng Temperaturanomalie vun tëscht 10 an 13 Grad (baséierend um deeglechen Duerchschnëttswäert) optrieden.

Déi duerchschnëttlech Oktobertemperatur läit zu Lëtzebuerg bei 9,9 Grad.