Virowend Nationalfeierdag: Wéi gëtt d’Wieder den Owend? Kënnt nach eppes?

Et ass méi kill a méi lëfteg ginn dobaussen. Ass elo nach mat Donnerwieder ze rechnen oder kënne mir den Owend ouni dës Suerg feieren?

Advertisement

D’Situatioun

D’Wiederlag huet sech an Tëschenzäit iwwert dem BeNeLux-Raum berouegt. Et war just e kuerzen Zäit-Ofschnëtt, wou sech iwwert eisem Land eng ganz Partie kleng mee punktuell méi kräfteg Donnerwieder forméiert haten. Dës hate keng laang Liewensdauer, well d’Energie direkt an de System iwwergaangen ass, deen sech de Moment amgaangen ass iwwer Däitschland opzebauen. Trotz enger markanter Superzell, déi duerch Kassel gezunn ass, gëtt et bis dato trotz immens “gudden” Modellrechnunge Problemer, d’Theorie an d’Praxis ëmzesetzen. Lokal ass et zwar immens hefteg, mee net esou an dem Ausmooss wéi berechent. Aus aktueller Siicht däerf een et och a Fro stellen, ob den atmosphäreschen Deckel iwwer Bayern & BaWü iwwerhaapt brécht. Ënnert engem Deckel versteet een an der Meteorologie eng waarm an dréche Loftschicht, déi et verhënnert, dass sech Donnerwieder kënne forméieren. Et läit zwar eng immens Energie iwwert der Regioun, mee all dat bréngt näischt wann den Deckel net duerchgebrach gëtt.

Bis elo ass d’Situatioun also vun de meeschte Modeller iwwerschat ginn, wouduerch déi an de Warnunge genannt Phänomener just lokal opgetruede sinn, wann iwwerhaapt. Mee wéi et bei esou Situatiounen ëmmer ass: Better safe than sorry!

Wéi et den Owend virugeet

Kann een den Owend ouni bedenken feiere goen? Stand aktuell: Jo. Weder um Satellittebild, nach um Radar, si nach geféierlech Zenarien fir den Owend ze gesinn. Déi potenziell geféierlech Loftmasse sinn a Richtung Nordosten verdrängt ginn, et ass schonn méi stabil Loft agefloss. Dat eenzegt wat den Owend nach méi oft wäert ze gesi sinn si Wolleken an heiansdo och liichte Nidderschlag a Form vu Fisemreen bis hin zu liichte Schaueren.

D’Temperature leien aktuell mol nach bei 25 bis 26 Grad am Südoste vum Land, iwwerdeems et vum Nordwesten hier méi kill gëtt – do leien d’Wäerter nämlech just nach bei 18 bis 20 Grad.

Den Owend ginn d’Temperature no a no op ënner 20 Grad zréck, géint Mëtternuecht komme mir an der Haaptstad bei tëscht 14 a 16 Grad un. Et sinn also net déi keelst Temperaturen, eng Jackett oder Pullover ass awer warscheinlech keng esou eng schlecht Iddi.