Virstouss vu waarme Loftmassen: Muer ginn erëm méi wéi 20 Grad erreecht

De Mëttwoch gëtt de wäermsten Dag vun der Woch.

Kuerz méi waarm

De Méinde si mir mat héijem Loftdrock an déi nei Woch eragestart, et war awer nach zäitweis méi wollekeg. Haut um Dënschden ass et e gudden Tick besser ginn, d’Sonn krut sech schonn méi duerchgesat an et ass och e bësse méi waarm ginn. Muer um Mëttwoch erliewe mir dann de Peak vun de méi mëlle Loftmassen, déi sech zanter dem Méinden an eis Géigenden eropgeschafft hunn.

De Mëttwoch ass am Laf vum Nomëtte mat Maximaltemperature vun tëscht 18 an 21 Grad an der Nordhallschent ze rechnen, a Richtung Dikrech an Ettelbréck ass och mol eng 22 méiglech. An der Südhallschent vum Land sollte mir gréisstendeels bei op mannst 20 Grad landen, zumools ronderëmt eis Haaptstad an och laanscht d’Musel. Op dëse Plaze kann den Thermometer erëm op 22 bis fläit esouguer 23 Grad klammen.


De Virstouss vun de méi mëlle Loftmassen per Wiederkaart visualiséiert | Grafik: wxcharts.com

Nodeems et moies nach e bësse méi wollekeg a lokal och niwweleg war, kritt sech d’Sonn am Laf vum Dag duerchgesat. Et ass eréischt um spéideren Owend, resp. an der Nuecht op den Donneschden, wou aus Nordweste fir eng kuerz Zäit e gréissert Wollekeband opgezu kënnt.

An den Deeg drop ginn d’Temperaturen erëm op tëscht 14 an 18 Grad zréck, zäitweis kann et punktuell begrenzt nach eng Kéier fir 20 Grad duergoen.