Virwarnung: Erëm Stuerm an der Nuecht op de Méinden

An der Nuecht op de Méinde passéiert eis eng Kalfront, un där et erëm méi turbulent zougoe kann. Stuermstéiss bis schwéier Stuermstéiss, eventuell esougeur orkanaarteg Wandstéiss, kënnen dobäi net ausgeschloss ginn.

Turbulente Kalfrontduerchgang

Am Sonndevirmëtten errecht eis d’Waarmfront vun engem weidere Stuermdéif, wat zu dësem Zäitpunkt mat sengem Kär iwwert dem Nordatlantik läit. D’Kalfront läit iwwerdeems iwwer England a mécht sech op de Wee op Lëtzebuerg.

Un dëser Kalfront rechnen d’Wiedermodeller mat méi turbulenten Entwécklungen duerch z.B. méi intensiv Schauerlinnen, och Donnerwieder kënnen un dëser Front net ausgeschloss ginn. Parallel dozou ass de Wand iwwert eise Käpp erëm zimmlech séier ënnerwee a packt et op eng Wandstäerkt vun 12 Bft, wat also voller Orkanstäerkt entsprécht. Dat bedeit net, dass mir voll Orkanstäerkt ofkréie, mee just, dass de Wand an 1,5 Kilometer Héicht iwwert eise Käpp esou séier ënnerwee ass.


Den Héichtewand op 1,5 Kilometer Héicht vum GFS berechent | Grafik: wetter3.de

Dat tückescht dobäi: duerch dës Kalfront an d’Labilitéit déi entlaang dovun optriede wäert ass et un de potenziell méi kräftege Nidderschléi net onméiglech, dass en Deel vun dësem méi staarken Héichtewand erof bei eis op de Buedem gemëscht gëtt. Änlech wéi um Freidenomëtten, wou dat och schonn d’Haaptgefor war, wäert dëst tëscht dem Sonndenowend an dem fréie Méindenowend also op ee Neits dat markantst sinn.


D’Wandfeld am Beräich vun der Kalfront, berechent vum däitsche Modell ICON | Grafik: wxcharts.com

Zesummegefaasst heescht dat, dass vum Sonndenowend bis an de Méindemoien eran, tëscht 21:30 an 04:00 Auer, un där Kalfront Stuermstéiss bis hin zu schwéier Stuermstéiss vun tëscht 75 a 90 km/h ze erwaarde sinn. Sollt et dann zu de genannten Ëmstänn kommen, da wieren esouguer orkanaarteg Wandstéiss vu bis an de Beräich vun den 105 km/h net ausgeschloss. Duerno soll sech de Wand erëm séier berouegen, et géif also erëm eng zimmlech kuerz Affär ginn.

Ier et esouwäit ass

Fir op ee Neits opfrëschende Wand musse mir net bis de Sonndenowend waarden. Schonn haut den owend rechnen d’Modeller erëm mat engem Wandfeld, wat awer bei wäitem net méi un d’Intensitéit vun de vergaangene Wandfelder drukënnt. Wandvitesse vun tëscht 55 a 70 km/h si wuel ze erwaarden, enk begrenzt well ech och net ausschléissen, dass et mol an d’Géigend vun den 75 km/h goe kann.


E vergläichsweis schwaacht Stuermfeld haut um Samsdenowend | Grafik: wxcharts.com