Virwarnung: Lëtzebuerg geréit um Sonnden an e Stuermfeld

D’Wiedermodeller bleiwen dobäi: fir de Sonnde kënnegt sech e Stuermfeld un, duerch dat bei eis heiheem deels schwéier Stuermstéiss ze erwaarde sinn.

No lefteg kënnt nach méi lefteg

Mir hunn schonn e puer där méi lefteg an deels liicht stiermesch Deeg hannert eis, nëmme lokal konnt dann och tatsächlech un de Warnschwelle gekrazt ginn. Et huet sech bis ewell och nëmmen ëm kuerzzäiteg Phase gehandelt, an deenen de Wand méi liefhaft ënnerwee war. De Sonnden ass d’Grousswiederlag awer eng aner.


D’Grousswiederlag fir de Sonnden | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Generell gekuckt läit um Sonnden e grousst Héichdrockgebitt westlech vu Spuenien a Portugal a parallel dozou e groussen Déifdrockkomplex mam Zentrum iwwert dem skandinavesche Raum. An dëse gréisseren Déifdrockkomplex sinn e puer Randdéifer mat agebett, déi hei an do fir Stuerm suergen. Eent vun dëse Randdéifer zitt um Sonndenowend iwwer d’Nordséi ewech a kéint esouguer méi wäit südlech e weidert klengt Randdéif generéieren. Et kënnt also uerdentlech Beweegung an d’Wiederkichen, déi duerch Stuermstéiss a laang unhalende Reen wäert ze spiere sinn.

Aktuelle Stand: Den Oflaf vum Wand

Schonn vum Samsdenowend u gëtt et lues a lues e bësse méi lefteg zu Lëtzebuerg, wat schonn mam Stuermfeld fir e Sonnden zesummenhänkt. Um fréie Sonndemoie soll de Wand an de Spëtzte scho mat bis zu 60 km/h kënne blosen, sou den amerikanesche Wiedermodell GFS. De selwechte Modell rechent an enger Zäitspaan vum Nomëtten bis an de fréien Owend eran e Peak vun tëscht 75 an 100 km/h. Den europäeschen ECMWF ass net grad esou zolitt ënnerwee a gesäit Vitesse vun tëscht 70 a 90 km/h op eis duerkommen. Änlech ënnerwee ass den däitschen ICON, de franséischen ARPEGE huet och Spëtzte vu bis ëm 90 km/h um Schierm.


D’Wandfeld dem amerikanesche Wiedermodell GFS no | Grafik: wxcharts.com

De Wand soll sech eréischt bis an de fréie Méindemoien eran erëm geluecht hunn, wat bedeit, dass eis gutt 24 Stonnen ustinn, an deenen de Wand spierbar ënnerwee ass. Den intensivsten Deel soll tëscht 3 a 5 Stonne laang unhalen.

Ausnam-Faktor: Downbursts

Iwwerdeems dat besot Stuermfeld um Sonnden iwwert eis ewechzitt, sinn 1,5 Kilometer iwwert eise Käpp aner Wandvitessen um Wierk. Do bléist e mat Wandstäerkt 12, also voller Orkanstäerkt. Well wärend dem Passage vum Stuermfeld mat méi kräftege Nidderschléi gerechent gëtt, kann et net ausgeschloss ginn, dass en Deel vun dësem méi staarke Wand aus der Héicht kéint mat op de Buedem erofgemëscht ginn (Downburst). An dësem Fall kéinten 100 km/h labber iwwertraff ginn. MEE: Dëst betrëfft net nëmme Lëtzebuerg, mee generell grouss Fläche vun der Belsch, Holland an Däitschland. Et muss net onbedingt sinn, dass dëst genee zu Lëtzebuerg geschitt, mee de Risk ass op alle Fall net null.


De Wand op 850 hPa Héicht (1,5 km) | Grafik: wetter3.de

Vill Reen, lokal och Schnéifall

Wärend der ganzer lefteger bis stiermescher Situatioun sinn an Zäit vu 24 Stonnen, tëscht dem Sonndemoien 0 Auer an dem Méindemoien 0 Auer, gréisser Reenzommen ze erwaarden. Den europäesche Wiedermodell ECMWF ass mat tëscht 17 a 25 l/m² dobäi, laanscht den äusserste Weste ginn och bis ëm 30 l/m² net ausgeschloss. Dem amerikanesche Modell no huet d’Südhallschent tëscht 15 a 25 l/m² ze erwaarden, d’Nordhallschent soll deels mat bis zu 35 l/m² mat dobäi sinn. Den däitschen ICON rechent dat Ganzt änlech wéi den ECMWF, den ARPEGE simuléiert besonnesch laanscht den äusserste Westen bis an den äusserste Norden era Quantitéite vu bis bal 40 l/m².


D’Reequantitéiten vum Sonndemoie bis an de Méindemoien eran | Grafik: wxcharts.com

Thema Schnéi

Op der Récksäit vum Stuermdéif fanne polar Loftmassen op direktem Wee op Lëtzebuerg. Wa sech also no Mëtternuecht nach Nidderschléi zu Lëtzebuerg ophalen, da kënnen dës zumools op de Koppe vum Land als Schnéischaueren erofkommen. Bis an de Méindemoien-/Virmëtten era wier also mol mat glate Stroossen duerch wanterlech Konditiounen ze rechnen.


Schnéisignaler op der Récksäit vum Stuermdéif | Grafik: wxcharts.com