Virwarnung: No klenger Paus vum Méindevirmëtten un nach e Stuermfeld

Och d’Stuermfeld, wat eis elo an der Nuecht erwaart, wäert net dat lescht vun der aktueller Phas sinn. No enger kuerzer Paus geet et am Méindevirmëtte schonn erëm weider.

Stuermfeld no Stuermfeld

D’Orkandéif ANTONIA ass Deel vun engem gréisseren Déifdrockkomplex, deen de Moment iwwert dem nërdleche Kontinent läit. An dësem Déifdrockkomplex sinn eng ganz Partie Käre mat agelagert, déi deelweis weider Randdéifer ausbilden. Ee vun dëse klenge Randdéif-Käre verlagert sech vum fréie Méindemoien un bis an de Nomëtten eran vun de britteschen Inselen a Richtung Norddäitschland. Doduerch ass bei eis dann, kuerz nodeems et hannert dem Stuermfeld vum ANTONIA méi roueg ginn ass, schonn erëm mat engem neie Stuermfeld ze rechnen. Wéi déi aktuell Modeller et gesinn, sollt dëst awer net grad esou staark kënne ginn wéi dat vum ANTONIA.

De Verlaf

D’Wandfeld vum ANTONIA wäert nach bis ronderëmt 6 Auer fir stiermesch Wandstéiss a Stuermstéiss suerge kënnen. Duerno verlagert sech de stäerksten Deel a Richtung Däitschland, et gëtt also kuerz manner lefteg. Den däitsche Modell ICON rechent tëschenduerch, also tëscht 6 an 8 Auer, mat enger méi roueger Phas an där de Wand et “just” nach op tëscht 40 a 55 km/h packe soll. Zimmlech séier gëtt et duerno awer schonn erëm méi lefteg, kuerz virun 10 Auer solle schonn erëm Wandvitesse vun tëscht 70 a 85 km/h méiglech sinn, punktuell och erëm bis an de Beräich vun de 90 km/h. Bis ronderëmt 15 Auer soll et ëmmer erëm zu Stuermstéiss kommen, deels och schwéiere Stuermstéiss, ier et dann an den Owend eran ëmmer méi roueg gëtt.


D’Wandvitessen um Méindemëtten, berechent vum däitschen ICON | Grafik: wxcharts.com

Wéi ëmmer besteet d’Gefor vu Géigestänn déi ronderëmfléien, wéi awer och Beem an Äscht déi an d’Stroosse falen. Et heescht zu de genannten Zäiten also besonnesch gutt opzepassen a souwäit et geet Aktivitéiten am Fräien ze ënnerloossen, dat selwecht gëllt fir d’mam Auto ënnerwee sinn.