Virwarnung: Orkandéif ZEYNEP steet an de Startlächer

Nom Stuerm heescht virum Stuerm: no enger onroueger Nuecht steet fir de Freide schonn dat nächst Orkandéif an de Startlächer.

Et bleift/gëtt net laang roueg

Déi fréi Moiesstonne vum Donneschde ware nawell zimmlech ongemittlech. Wéi virausgesot, si Stuermstéiss bis hin zu schwéier Stuermstéiss vun tëscht 75 a 90 km/h opgetrueden, zu Beetebuerg ass et esouguer fir 100 km/h duergaangen. D’Wandspëtzten a wéi et haut am Laf vum Dag viru geet, fannt Dir an dësem Artikel hei.

Schonn de Sonnde war op Météo Boulaide ugekënnegt ginn, dass et sech net nëmmen ëm eent Stuermfeld handelt, mee ëm op mannst zwee. Dat zweet Stuermfeld, ausgoend vum Orkandéif ZEYNEP, erfaasst eis schonn muer um Freiden. Éischt Virwarnungen dozou sinn och schonn zanter dem Mëttwochmoien aktiv.

Nom Stuerm ass virum Stuerm

Et geet also onroueg zu Lëtzebuerg virun. D’Orkandéif ZEYNEP huet sech zu dësem Zäitpunkt nach net esou richteg entwéckelt, ass an de Wiederkaarten awer schonn nërdlech vun den Azoren ze erkennen. An de nächste Stonnen duerchleeft dëst Déifdrockgebitt eng séier Entwécklungsphas a wäert schonn haut den Owend als kräftegt Randdéif iwwert de britteschen Insele leien an do deelweis schonn uerg Wandvitesse vun tëscht 120 an 150 km/h bréngen. Vun do aus verlagert sech de Kär vum Stuerm a Richtung Nordséi fir um fréie Samsdemoie schlussendlech iwwert der Ostséi unzekommen. Wärend dëser ganzer Beweegung gëtt südlech vum Kär en zolitt Wandfeld matgedroen – den Aflossberäich dovu wäert och erëm zu Lëtzebuerg ze spiere sinn.


D’Orkandéif ZEYNEP entwéckelt sech nërdlech vun den Azoren | Animatioun: wxcharts.com

Mir ginn an dësem Artikel haaptsächlech op d’Entwécklungen zu Lëtzebuerg an. Zu engem spéideren Zäitpunkt gëtt dann an engem aneren Artikel och thematiséiert, wéi sech déi ganz Saach op de belschen an hollännesche Küsten souwéi och am Norde vun Däitschland entwéckle wäert.

De viraussiichtleche Verlaf fir Lëtzebuerg


Déi maximal Wandstéiss dem ECMWF-Modell no | Grafik: wxcharts.com

No enger vergläichsweis immens roueger Nuecht op de Freide, fänkt de Wand um Freidemoien- a Virmëtten un erëm séier zouzehuelen. Déi éischt Wandstéiss vun tëscht 40 a 60 km/h ginn ëmmer méi warscheinlech. Vum Mëtten un treffen déi éischt Stuermstéiss an, et ass mat 60 bis 80 km/h ze rechnen. Wärend dem spéidere Nomëtten, esou tëscht viraussiichtlech 15 an 18 Auer, soll de Maximum vun der Intensitéit zu Lëtzebuerg erreecht ginn. An Zuele wiere mir do erëm meeschtens tëscht 70 a 85 km/h, op exponéierte Plaze kënne Vitesse vu bis zu 90 km/h net ausgeschloss ginn. De franséischen AROME rechent mat enger immens staarker Schauerlinn – sollt dës optrieden, da wieren och orkanaarteg Wandstéiss vu bis zu 110 km/h net onméiglech.


Potenziell Wandspëtzte bei zolitter Schauerlinn dem ICON no | Grafik: wxcharts.com

De Gros vum Stuerm wier no 18 Auer also der Majoritéit vun de Wiedermodeller no duerch, lefteg bis stiermesch géif et awer trotzdeem mol nach bleiwen. An der Nuecht op de Samsden ass mat enger däitlecher Berouegung ze rechnen, d’Wandspëtzte sollten de warnrelevante Beräich vun op mannst 75 km/h net méi erreechen.