Virwarnung: Schwéier Stuermstéiss bis 90 km/h, bei kräftege Schliet och mol ëm 100

Zumools muer am spéidere Nomëtten/um fréien Owend gëtt et fir eng kuerz Zäit esou richteg turbulent, deemno wéi kënne schwéier Stuermstéiss vu bis ëm 100 km/h optrieden. Oppassen!

Advertisement

Wat geschitt do iwwerhaapt?

Wéi gëschter Owend schonn an der Météo um 7 gesot, handelt et sech deemnächst bei eis ëmt e groussen Déifdrockkomplex, deen eis e Randdéif op Lëtzebuerg schéckt. Dëst Randdéif suergt net nëmme fir vill Reen, wéi mir et an dësem Artikel behandelt hunn, mee virun allem en zolitte Wand. De Grond fir dësen ass, dass den Drockënnerscheed tëscht dem Déifdrockkompelex an dem Héichdrockafloss iwwert dem ëstleche Mëttelmierraum immens grouss ass. Lëtzebuerg geréit genee dotëscht – an deen Beräich, wou dat ganzt vun der Atmosphär probéiert gëtt, auszegläichen.

Mir kënnen eis also op alle Fall op e puer richteg onangeneem Stonne virbereeden. An engem Februar ass dat näischt aussergewéinleches, an trotzdeem muss domat gerechent ginn, dass eng Rëtsch Beem an d’Stroosse falen a soss Dreck oder kleng & lasse Géigestänn fortfléien.

Wéi staark gëtt de Wand dann dem momentane Stand no?

Nach ass dat lescht Wuert net geschwat, mee et konkretiséiert sech lues a lues. Den amerikanesche Modell gesäit vum spéideren Donneschdenomëtten un bis an den Owend eran Spëtzte vu bis zu 95 km/h op eis duerkommen. Den europäesche Modell ass net wäit fort an huet e Maximum vu 90 km/h dran. Och de Gros vun den anere Modeller, déi eng änlech Opléisung hunn, sinn domat averstan.


D’Berechnungen vum däitschen ICON-EU fir den Donneschdenowend | Grafik: wxcharts.com

Déi méi héichopléisend Modeller weisen awer och nach en aneren Zenario, deen kéint antreffen, sollt sech wierklech esou eng markant Kalfront mat kräftege Nidderschléi a fläit mol dem engen oder aneren Donnerwieder entwéckelen. Dëse wier, dass direkt un der Front och mol schwéier Stuermstéiss bis ëm 100 km/h an driwwer kéinten optrieden – natierlech ganz lokal begrenzt. Am markantesten ass de Super-HD vu Kachelmannwetter: ënnert de kräftegste Schliet gesäit dësen Spëtzte vun 110-120 km/h.

Konklusioun:

De Maximum vum Wand sollt tëscht 18 an 21 Auer optrieden. Virdrun an duerno ass/bleift et zwar och zimmlech lëfteg bis stiermesch, mee d’Vitesse si bei wäitem net méi esou héich. Halt eis weider Updates am Aen, a kuckt och reegelméisseg bei eisem neie Warnsystem eran.