Virwarnung: Stuerm an der Nuecht op den Donneschden

D’Modellrechnunge gi lues a lues méi kloer: an de nächsten Deeg ass net nëmmen an Däitschland mat Stuerm ze rechnen, mee och zu Lëtzebuerg. Dëst ass eng Virwarnung fir de Mëttwochowend resp. Nuecht op den Donneschden.

Situatioun konkretiséiert sech

Nach ass d’Situatioun fir déi nächst Deeg net genee kloer, mee awer vill besser anzegrenze wéi gëschter nach. An dësem Artikel geet et primär ëmt d’Wiedergeschéien vum Mëttwochowend bis an den Donneschdemoien eran. De Stuerm fir de Freiden & de Weekend generell kucke mir eis an engem aneren Artikel un.

E Stuermdéif, wat mam groussen Déifdrockkomplex iwwert dem skandinavesche Raum zesummenhänkt, kënnt am Laf vum Mëttwoch vum nërdlechen Atlantik hier ugerauscht a passéiert um Mëttwochnomëtte mat sengem Kär de Norde vun de britteschen Inselen. Well d’Stuermfeld südlech (wéi ëmmer) matgezu gëtt, wäerten déi ganz brittesch Inselen ënnert engem Stuermfeld leien. Dëst Stuermfeld bleift awer net do leie, mee beweegt sech an de Stonnen drop op Mëtteleuropa zou. Um Mëttwochowend, géint 19 Auer, sinn op de Küsten déi éischt Stuermstéiss bis hin zu schwéier Stuermstéiss ze erwaarden. Vitesse vun tëscht 80 a 95 km/h si warscheinlech, am Laf vum Owend kënne bis zu 100 km/h an driwwer erreecht ginn. Zu dëser Auerzäit hëlt de Wand och zu Lëtzebuerg zou, stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss vu bis ëm 75 km/h si schonn mol méiglech.


Esou zitt d’Stuermfeld (ECMWF) | Animatioun: wxcharts

Vu Mëtternuecht un zitt de stäerksten Deel vum Stuermfeld nërdlech u Lëtzebuerg laanscht a bréngt op der Fläch Holland, Belsch a Nordwest- souwéi Norddäitschland schwéier Stuermstéiss bis hin zu orkanaartege Wandstéiss vun tëscht 85 an 110 km/h. Dëst Stuermfeld breet sech a Richtung fréien Donneschdemoien iwwert der nërdlecher Mëtt an der Nordhallschent vun Däitschland aus a kënnt um fréien Donneschdemoien am Osten un, also un der Ostséi, am Osten a Südoste vun Däitschland. Spéiderhi verlagert sech d’Stuermfeld weider a Polen & Tschechien. Wärend dëser Beweegung besteet weiderhin de Risk vu schwéiere Stuermstéiss bis hin zu orkanaartege Wandstéiss vu bis zu 110 km/h, deels driwwer (besonnesch an der Géigend vu Schaueren an Donnerwieder).

Wat bedeit dat fir Lëtzebuerg?

Lëtzebuerg wäert de Peak vun dësem Stuermfeld um fréien Donneschdemoie géint Mëtternuecht erliewen. Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat Wandspëtzte vun tëscht 75 a knapp 90 km/h. Och den europäesche Modell ECMWF fiert op dëser Schinn, iwwerdeems den däitsche Modell Spëtzte bis ëm 95 km/h net ausschléisse wëll.

Deem no hätte mir et zwar wuel mat engem markante Stuermfeld ze dinn, bei deem och Beem ëmfale kënnen an Dreck duerch d’Géigend fléie kann, mee esou uerg wéi an Däitschland soll et bei dësem éischte Stuermfeld bei wäitem net ginn. Fir eis wier et e Stuerm, dee fir d’Joreszäit ganz normal ass.