Virwarnung: Um Freiden ongemittleche Kalfrontduerchgang ze erwaarden

En Déifdrockgebitt, wat mat sengem Kär am skandinavesche Raum läit, schéckt eis am Freidenomëtten eng Kalfront op Lëtzebuerg. Un dëser kéint et e bësse méi ongemittlech zougoen.

Et schéngt e leftege Weekend ze ginn. Fir et kuerz unzeteaseren: net nëmme muer um Freide gëtt et lefteg bis stiermesch, mee och fir de Sonnde deiten d’Modellkaarten un, dass et ka stiermesch ginn. Dëst ass awer en Thema fir eng aner Kéier.

An dësem Artikel fixéiere mir eis op d’Kalfront, déi eis muer um Freiden am Laf vum spéidere Nomëtte passéiere wäert. Dës Kalfront ass un en Déif gekoppelt, wat muer zu der genannter Zäit mat sengem Kär iwwert dem skandinavesche Raum leie wäert. An éischter Linn bréngt eis dës verbreete Reen, un deen awer och spierbare Wand gekoppelt ass. D’Wiedermodeller rechnen an de Spëtzte generell mat tëscht 50 a 70 km/h déi optriede sollen. Well et sech heibäi awer ëmt eng Kalfront handelt, sinn deemno wéi och Spëtzten driwwer net ausgeschloss – Vitessen also, déi och mol an de nidderege Warnberäich vun enger gieler Wiederwarnung erareeche kéinten.


Déi berechent Wandspëtzten vum däitschen ICON iwwerdeems eis d’Kalfront iwwerrullt | Grafik: wxcharts.com

Zum Zäitpunkt, wou d’Kalfront iwwer Lëtzebuerg zitt, sinn op 850 hPa (1,5 km iwwert eise Käpp) Wandvitesse vun tëscht 9 an 10 Bft virgesinn. Dëst entsprécht Wandvitesse vun tëscht 76 an 103 km/h. Bei de berechente Nidderschlagsintensitéite kann et lokal net ausgeschloss ginn, dass en Deel vun dësem Wandprofil kann op de Buedem erofgemëscht ginn. Vitesse vun 100 km/h an driwwer sinn allerdéngs als onwarscheinlech unzegesinn, e Maximum vun tëscht 75 a 85 km/h erschéngt awer realistesch. Dës Vitessen wieren awer souwisou eng Ausnam an e lokal begrenzt Phänomen. Dohier ass vun elo un och eng Virwarnung fir de spéidere Freidenomëtten aktiv, déi genee dëst beschreift.


De Wandprofil an 1,5 km Héicht wärend dem Kalfrontduerchgang | Grafik: wetter3.de

Et erwaart eis also kee laang unhalende Stuerm, et ass einfach just eng kuerz Phas am spéidere Nomëtte, sou tëscht 17 a 19 Auer, wou de Wand spierbar bis hin zu lokal stiermesch ënnerwee wäert sinn.