E weidert Randdéif passéiert eis an der Nuecht op den Dënschden. Doduerch ass vum Méindemëtten u mat potenziell warnrelevantem Dauerreen ze rechnen.
Virwarnungen aktiv
An der Nuecht op den Dënschde passéiert eis e Randdéif, duerch dat et net nëmme lefteg gëtt, mee och zimmlech naass. Déi éischt Virwarnunge sinn op der Warnsäit ze fannen.
D’Modellrechnunge ginn de Moment, obwuel et just nach e puer Stonne sinn, ëmmer nach wäit auserneen. Dat ass och de Grond, firwat keng akut Wiederwarnung aktiv ass, mee eng Virwarnung.
Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent vun elo un bis den Dënschdenowend spéit mat Quantitéite vun tëscht 30 bis knapp 40 l/m², dat fir vill Plazen an eisem Ländchen – just a Richtung Osten a Nordoste soll mat ëm 25 l/m² net grad esou vill vum Himmel kommen.
Den europäesche Wiedermodell ECMWF ass de bis ewell markantste Modell. E berechent bis den Dënschdenowend spéit akkumuléiert Reequantitéite vun tëscht 25 a 35 l/m² an der Nordhallschent, am Süden awer tëscht 40 a 75 l/m². Dëst géif net nëmmen d’Peegelen an d’Luucht drécken, mee och de Risk vun Iwwerschwemmungen generell.
Den däitsche Modell ICON ass erëm bësse méi zréckhalend ënnerwee: e rechent tëscht 20 an 30 l/m² fir de Gros vum Norden (just lokal e bësse méi), am Süden ass e mat tëscht 25 a liicht iwwer 30 l/m² ënnerwee.
De franséische Modell ARPEGE ass groussflächeg mat bis zu 35 l/m² ënnerwee, punktuell soll et op d’40 l/m² an Zäit vu 24 Stonnen duergoen.
Duerch déi grouss Ënnerscheeder gëtt eréischt de Mëtten entscheed, wéi eng Warnstuf aktivéiert gëtt. Erwaart gëtt eng Akutwarnung vun der gieler Stuf. Sollten d’Modeller awer méi a Richtung ECMWF rëtsche kann och eng Onwiederwarnung vun der oranger Stuf net ausgeschloss ginn.