Vitesse bis 130 km/h: Markante Stuerm zitt vun der Bretagne bis un d’Belsch Küst

Den Owend zitt iwwert dem Weste vu Frankräich e méi kräftegen Hierschtstuerm op, deen esouguer a Richtung Belsch Küst wandert. Och bei eis gëtt et duerch dësen méi lefteg.

Randdéif als Ausléiser

Duerch den ugekënnegte Wiederchangement beweegt sech den héije Loftdrock, deen mir jo tendenziell méi wäit iwwert dem Oste vum Kontinent leien haten, weider an den Osten. Et gëtt also Plaz gemaach fir déiwe Loftdrock, deen sech elo och méi wäit ëstlech ausbreede kann. D’Resultat dovu gesi mir schonn vum Owend un: en Déifdrockkomplex schéckt e Randdéif an de Weste vu Frankräich a suergt fir en éischte méi kräftegen Hierschtstuerm, deen sech esouguer bis virun déi Belsch Küste verlagere kann.


D’Positioun vum Randdéif um Méindenowend | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Randdéifer si kleng Déifdrockgebitter, déi sech um Rand vu gréisseren Déifdrocksystemer forméieren. Op de momentane Fall iwwerdroen ass et also e Randdéif vun engem grousse System, deen iwwert dem nërdlechen Atlantik läit. De selwechte System wäert wuel de Mëttwoch och op de britteschen Inselen fir uerdentleche Stuerm suergen.

Wandvitessen ëm 130 km/h

Bal all d’Wiedermodeller si sech driwwer eenz, dass vum Méindenowend un e markant Stuermfeld op d’Bretagne trëfft. Zumools an direkter Géigend vun der Küst gi Wandstéiss vu bis zu 130 km/h berechent, déi eng oder aner Berechnung wëll esouguer 140 km/h net ausschléissen. Géint Mëtternuecht sollen all d’Küstegéigenden vun der Regioun betraff sinn, och méi wäit bannen u Land kënne Vitesse vun tëscht 80 an 110 km/h optrieden. Well et sech ëmt e Randdéif handelt, och nach gär Schnellleefer genannt, zitt dëst klengt Déif nawell féx virun. Schonn um fréien Dënschdemoie soll d’Stuermfeld un de Küsten vun den Hauts-de-France leien. Heescht also, dass och fir d’Normandie un der direkter Küst Vitesse vun ëm 120 km/h ze erwaarde sinn. Ronderëmt den Dënschdemëtten ass d’Stuermfeld dann un der Belscher Küst ukomm, et ka mol fir Vitessen ronderëm 100 km/h duergoen.


D’Situatioun an der Nuecht op den Dënschden | Grafik: wxcharts.com

An heiheem?

Vun der zweeter Hallschent vun der Nuecht op den Dënschden u gëtt et och bei eis méi lefteg. Bis an den Dënschdenomëtten era kënne virun allem op de méi exponéierte Plaze Vitesse vun tëscht 50 a 65 km/h optrieden, punktuell sinn och mol 70 km/h net ausgeschloss. E richtege Stuerm steet eis also net an d’Haus.