Vum Donneschden un: Temperature fale kuerzzäiteg op ëm 20 Grad

Vu muer un erliewe mir den éischten hierschtlechen Touch.

Kalfront als Ausléiser

An der Nuecht op den Donneschde passéiert eis eng Kalfront, hannert där fiicht mee awer och däitlech méi kill Loftmassen erafléisse wäerten. Bis de Sonnden inclus dréckt dat eis Temperature nawell zimmlech erof.


E nawell kille Weekend steet un | Grafik: wxcharts.com

Fir den Donneschde selwer ass mat Maximaltemperature vun tëscht 17 am 21 Grad ze rechnen, de Freide gëtt et mat 15 bis 19 Grad nach e Stéck méi kill. Och de Samsde geet et mat 15 bis 18 Grad virun, ier et de Sonnden mat 18 bis 21 Grad erëm e Stéck méi mëll gëtt.

Duerno erëm 30 Grad?

An dann kënnt warscheinlech erëm e ganz markanten Ëmschwong: den amerikanesche GFS rechent fir Méindes mat engem markante Virstouss vun héichsummerleche Loftmassen aus dem Mëttelmierraum. Den europäesche Modell ECMWF ass där selwechter Meenung, gesäit de Peak dovun awer eréischt fir den Dënschden. Dem aktuelle Stand no sinn also kuerzzäiteg erëm Temperature vu bis ëm 30 Grad ze erwaarden.


Duerno ass e kuerzzäitege, mee abrupte Changement méiglech | Grafik: wxcharts.com