Vum Nomëtten un: Klenge Risk vun deels méi kräftege Schaueren & Donnerwieder

Iwwerdeems iwwert de Mëtte schonn eenzel schwaach Nidderschléi méiglech sinn, ergëtt sech vum Nomëtte bis an d'Nuecht op de Freiden eran eng däitlech besser Chance op e bësse Reen. Just ginn et erëm e puer Modeller, déi e bësse méi zolitt ënnerwee sinn.

Zesummespill aus Konvergenzzon a Kalfront

An dëse Minutten erstreckt sech eng Konvergenzzon vum westleche Frankräich iwwer BeNeLux bis erop un d’Nordséi. Un dëser Konvergenzzon kann et elo schonn um Mëtten/am fréie Nomëtten zu eenzelne, meeschtens schwaache Nidderschléi kommen. Nëmme punktuell kéint mol eng méi kräfteg Schauer dobäi sinn.


D’Radarbild vum Donneschdemëtten, 04. August 2022 um 12:08 Auer mat schwaache Nidderschlagssignaler westlech vu Lëtzebuerg | Radar: RadarScope

Déi bescht Chancen op Reen bestinn knapp virun der Kalfront resp. tëscht der Konvergenzzon an der Kalfront selwer. Dëse Beräich erwaart eis tëscht dem spéidere Nomëtte bis an déi zweet Hallschent vun der nächster Nuecht eran. Eng Rëtsch Modeller rechnen einfach mat enger méi verbreeter Chance op e puer Schaueren, déi och mol méi groussflächege Reen brénge kënnen – haaptsächlech am Raum BeNeLux. Den europäesche Wiedermodell ECMWF rechent bis de Freidemëtten mat akkumuléierte Reenzomme vun tëscht 6 a knapp iwwer 10 l/m². Dat ass natierlech net d’Welt, mee besser wéi näischt. Och den däitschen ICON-EU an den amerikanesche GFS sinn éischter zréckhalend ënnerwee. Vun dëse Modellkaarten ausgoend, wier also e normale Kalfrontduerchgang mat fläit där enger oder anerer kuerzlieweger méi kräfteger Schauer oder engem Donnerwieder ze erwaarden.

Och méi markant Zenarie méiglech

Verschidden aner Modeller, besonnesch déi, déi vum Gitternetz hier héichopgeléist sinn, gi Signaler fir potenzielle Staarkreen mat lokal begrenzter Gefor vu klengen Iwwerschwemmungen. De franséischen AROME gesäit e gréissere System op eis duerkommen, deen eis net nëmmen zolitte Staarkreen, mee och Knëppelsteng a Stuermstéiss brénge kann. Déi selwecht Signaler ginn et och vum ICON-D2 Modell, deen iwwert dem Land verdeelt punktuell tëscht 20 an 30 l/m² a kuerzer Zäit op eis duerkomme gesäit.


De franséischen AROME Modell gesäit deels méi zolitt Nidderschlagssignaler fir den Owend, och Stuermstéiss a Knëppelsteng wiere méiglech | Grafik: wxcharts.com

Den immens haarde Buedem vun elo de Moment kéint dës Waassermassen net direkt ophuelen, wouduerch direkt eng gewëss Gefor vun Iwwerschwemmunge géif bestoen. Liicht méi entschäerft Reen-Signaler gëtt eis och de Schwäizer Nowcast-Modell vum Kachelmann, vun der Stuktur hir si se sech awer trotzdeem änlech. Doriwwer eraus wieren och mol Stuermstéiss bis 80 km/h net ausgeschloss, am Worst Case kéinten och mol 100 km/h optrieden.

Dës Beschreiwung gëlt net explizit fir Lëtzebuerg, mee am Allgemenge fir de Nordoste vu Frankräich, BeNeLux, de Westen a Nordweste vun Däitschland.

Fazit

D’Warscheinlechkeet vun de méi kräftegen Zenarien ass net immens grouss, mee net ausser Uecht ze loossen. Et sollt een also op mannst mol mat der Méiglechkeet vu Reen oder och deels méi kräftegem Reen rechnen – mee och am Hannerkapp halen, dass et an engem spontanen Zäitofstand am domme Fall och mol an déi méi kräfteg Richtung goe kéint. E primären Zenario ass dëst awer net.