Vum Owend un: Risk vun Donnerwieder mat zolittem Staarkreen a Knëppelsteng klëmmt

Den Owend klëmmt aus Frankräich hier erëm de Risk vun Donnerwieder, déi et punktuell kënnen a sech hunn.

Donnerwieder iwwer Frankräich

Iwwert der Südhallschent vu Frankräich sinn de Moment schonn erëm Donnerwieder aktiv, déi vu gréissere Knëppelsteng, Staarkreen a Stuermstéiss begleet ginn. Dës Aktivitéit verlagert sech am Laf vum Owend weider a Richtung Nordosten. Vum Owend selwer un wäerten doduerch also och ëmmer méi Deeler vun der Schwäiz, Nordostfrankräich, Südwest- & Westdäitschland esouwéi och BeNeLux betraff sinn.

Potenzial bei eis

Wa bei eis Donnerwieder optrieden, dann hunn dës gréisstendeels eng méisseg Intensitéit. Dozou ziele Wandstéiss bis 70 km/h, Staarkreen mat bis 15 l/m² an Zäit vun enger Stonn, a Knëppelsteng bis 1 cm am Duerchmiesser. De Modellrechnunge no besteet awer iwwert dem ganze Risikoberäich, deen sech jo och bis a Frankräich, d’Belsch an Däitschland erastreckt, punktuell och de Risk vun zolitten Donnerwieder. Bei dëse wiere Knëppelsteng bis 3 cm am Duerchmiesser méiglech, Stuermstéiss bis 100 km/h an extreme Staarkreen wou tëscht 20 a 40 l/m² an Zäit vun enger Stonn kënnen erofkommen – a sou engem Fall besteet Iwwerschwemmungsgefor!

Do wou dës méi staark Kalibere wäerten optriede, léisst sech leider net esou wäit am Viraus soen – dat geet eréischt méi spéit unhand vun aktuelle Radarbiller. Météo Boulaide hält Iech de ganzen Owend um Lafenden.