Vum Sonndemoien un erëm lokal Frascht: No de sensibele Planze kucken

Vun e Sonnden u sträifen eis polar Loftmassen, duerch déi et zumools an de Nuets- a Moiesstonnen erëm fraschteg gëtt. Denkt un Är sensibel Planzen.

Advertisement

Et ass erëm mat Frascht ze rechnen

Wéi gesot, gi mir vun e Sonnden un vu polare Loftmasse gesträift. Duerch dës gëtt et dagsiwwer gutt 10°C méi kal, an de Nuechte kënnt et plazeweis och erëm zu Frascht. Vum Sonndemoie fréi u kënne besonnesch an der Nordhallschent vum Land punktuell 0 oder -1°C mat dobäi sinn. An der Nuecht op e Méinde, respektiv um fréie Méindemoien, ass duerch dat ganzt Land verdeelt mat Minimalwäerter vun tëscht -2 an 3 Grad ze rechnen, änlech och um Dënschdemoien. Vum Mëttwoch- oder Donneschdemoien u gëtt et erëm méi mëll.

Sollt Dir also sensibel Planzen hunn, dann denkt drun, no dësen ze kucken. Wat de Risk vu glate Stroossen ugeet hu mir momentan jo d’Situatioun, dass et zimmlech dréchen ass. Doduerch ass de Risk dovun och weiderhi geréng.