Vum Sonnden un: Donnerwiederrisk iwwer Mëtteleuropa klëmmt

Iwwert déi nächst Deeg klammen d’Temperature weider, mee vum Sonnden u gi se schonn erëm méi fiicht. En Unzeechen, dass et deemnächst erëm plazeweis kann dimmeren.

Advertisement

De Changement vun der Grousswiederlag

Aktuell ass sech jo amgaangen, no a no en Héichdrockgebitt iwwert eis breetzemaachen. De Weekend selwer läit et mat sengem Kär iwwert der Nordséi bis hin zu iwwert dem skandinavesche Raum a bréngt eis frëndlecht a méi waarmt Wieder, an dat sech no enger Zäit awer och e puer Wolleken amëschen. Schonn e Sonnde kann et bei eise franséische Noperen awer schonn ëmschloen.

Fiicht Loftmassen aus Westen drécken eran

De Stand ass also deen, dass de Weekend héije Loftdrock iwwert eisem Kontinent läit an am Laf vum Sonnden dann awer méi fiicht a méi kill Loftmassen vum Atlantik hier eragezu kommen. Dëst suergt dann fir eng Reaktioun, déi viraussiichtlech erëm a Schaueren esouwéi och Donnerwiedere wäert resultéieren.

Geet et dem europäesche Modell no, da kéint et schonn e Sonnden iwwert dem Nordweste vu Frankräich kraachen, dat mat Staarkreen a fläit och Knëppelsteng. Fir e Méinde gesäit de Modell d’Aktivitéit dann nach méi wäit a Richtung Nordosten, wat also dann BeNeLux an Deeler vun Däitschland betrëfft – also och eis. Natierlech ass et nach onméiglech ze soen, wat genee geschitt. Mee eben iergendwou an den elo just genannte Géigende kann et awer duerchaus kraachen, de Staarkreen wier am Fokus.


De viraussiichtleche Verlaf laut europäeschem Modell | Animatioun: wxcharts.com

Den amerikanesche Modell gesäit et e bëssen anescht wëll schonn e Sonnden déi éischt Schliet iwwer Lëtzebuerg net ausschléissen. D’Aktivitéit géif sech dann e Méinden an och um Dënschde viruféieren, weiderhi mam Risk vu Staarkreen.

Et ginn also nach e puer Ënnerscheeder, mee d’Undeitunge sinn déi selwecht. Wa sech d’Situatioun konkretiséiert an et wieren Hiweiser oder Warnunge néideg, dann deele mir dat hei a Form vu weideren Updates mat.