Lefteg Zäite stinn un
Den Hierscht huet eis och an de nächsten Deeg voll am Grëff. A nächster Zäit ass et net nëmmen oft gro a naass, mee et kënnt och nach e liewege Wand mat dobäi. An der Nuecht op de Sonnde gerode mir an d’Wandfeld vun engem Stuermdéif, wat um spéideren Donneschdenowend an der Bretagne Wandvitesse vu bis zu 186 km/h produzéiert huet. Mir kréien awer just d’Iwwerreschter a staark ofgeschwächter Form of, soudass keng geféierlech Wiederlag bei eis ze erwaarden ass. Geet et dem amerikanesche GFS no, da sollen an der nächster Nuecht Spëtzte vun ëm 55 km/h optrieden. Dass sech d’Modeller awer dora nach net sou ganz eenz sinn, weist de franséischen ARPEGE, dee Spëtzte bis an d’Géigend vun de 75 km/h berechent, wat stiermesch wier. Och den däitschen ICON gesäit d’Warscheinlechkeet vun dëse Wäerter, mee dat haaptsächlech laanscht den äussersten Oste vum Land.
Och an der neier Woch bleift de Wand bei eis. Bal all Dag sinn an de Spëtzten Vitesse vun tëscht 30 a 50 km/h ze erwaarden. D’Beem kéinten an der nächster Zäit also nawell zimmlech vill Blieder verléieren.