
Nom Reen ass virum Reen: Iwwer Frankräich forméiert sech e Reegebitt, wat vun der Nuecht un bis muer de Mëtte gréisser Quantitéite soll op Lëtzebuerg bréngen.
Advertisement
Berouegung awer schonn am Nomëtten
Och haut hu sech erëm e puer Schauere gewisen, am Osten huet et duerch Donnerwieder op der däitscher Säit gedonnert. Am Laf vum spéideren Owend geet d’Warscheinlechkeet vun Dimmeren zwar zréck, mee et kënnt ëmmer erëm Reen aus Frankräich no. D’Modeller rechne mat engem gréissere Reegebitt, wat sech bis an de Méindemëtten era soll iwwert eis leeën. Dohier wier dann och erëm mat gréissere Reequantitéiten ze rechnen.
- Super HD: 9 – 26 l/m²
- ICON D2: 11 – 21 l/m²
- ICON-EU: 12 – 25 l/m²
- SwissMRF: 8 – 12 l/m²
- ECMWF: 12 – 16 l/m²
- GFS: 20 – 33 l/m²
Wa mir den Duerchschnëtt huelen, da kënne bis an de fréie Méindemëtten eran tëscht 12 – 22 l/m² vum Himmel kommen. Domat géif un der Warnschwell gekrazt ginn. Laanscht den äusserste Südoste vum Land soll et tendenziell am meeschte sinn. Geet et dem amerikanesche Modell no, da géif sech dëse Beräich awer méi am Westen ofspillen.