Vun der Sonn verwinnt – mee fir wéi laang nach?

En Héichdrockgebitt iwwer Nordwesteuropa déngt de Moment als “Blockad” fir Déifdrockwieder an ass fir dat gutt Wieder verantwortlech. Mee wéini brécht dës Konstellatioun zesummen?

Advertisement

Et geet mol nach e bëssen esou virun

En abrupte Schluss vun der sonneger Wiederlag ass net ze gesinn, et geet elo mol nach eng gutt Zäit esou virun. An obwuel et esou sonneg ass, bleiwen eis Temperaturen an engem agréable Beräich ouni op de markanten an hëtzege Niveau opzeklammen.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis den 10. Juni laut GFS | Animatioun: wxcharts.com

Dem amerikanesche Wiedermodell no steet eis e frëndleche Rescht vun der Woch un, woubäi et vum Sonnden un awer eng erhéicht Warscheinlechkeet fir e puer méi Wolleke soll ginn. Och fir déi nei Woch sollen aus südleche bis südwestleche Richtungen lues a lues méi Wolleken de Wee op Lëtzebuerg fannen, ouni dass et awer direkt onfrëndlech gëtt. Dëse Changement läit dorun, dass sech eist Héichdrockgebitt viraussiichtlech vum Nordweste vun Europa méi wäit an den Oste beweegt an zur selwechter Zäit an Déifdrockgebitt vun Afrika aus westlech laanscht Portugal a Richtung Norden zitt.

Eis Stréimung dréint also vu nordëstlech bis deels nordwestlech ëmmer méi op Süden oder Südwest – wat generell eng Wiederlag ass, déi et zouléisst, dass méi waarm an och fiicht Loftmassen de Wee op Lëtzebuerg fannen. Wa mir eis elo op d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi bezéien, da geet dës viraussiichtlech vum Weekend vum 9. Juni un an d’Luucht. Et ass also nach e bësse bis dohin – a bis et esouwäit ass, gi mir dësem Modell no weiderhi vu Sonn bis hin vun engem Sonn-Wollekemix versuergt.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis den 10. Juni laut ECMWF| Animatioun: wxcharts.com

Den europäesche Wiedermodell gesäit d’Wolleke nach net esou séier kommen. Et kënnen zwar zäitweis e puer dënn Schleierwolleken dobäi sinn, mee e richtege Mix aus Sonn a Wolleke schéngt bis an déi nächst Woch eran net dobäi ze sinn. Esouguer bis de 9. Juni gesäit dëse Modell ganz vill Sonn op eis duerkommen, iwwerdeems eis Temperaturen op engem agréable bis summerleche Niveau ënnerwee sinn.

Déi zwee Modeller sinn fir déi momentan Woch also zimmlech änlech ënnerwee, mee vun der nächster Woch u gëtt et méi schwammeg. Op alle Fall ass vu kenge vun den zwee Modeller eng abrupt Ännerung ze gesinn, mee eng déi sech lues a lues uschläicht… wann iwwerhaapt. Mir kënnen also gespaant sinn, wéi laang dëst frëndlecht mee och zimmlech dréchent Wieder bei eis unhält.