Vun dëser Nuecht un: Et gëtt lefteg bis stiermesch

Wéi schonn an engem Update um Dënschde betount, gëtt et um Donneschden deelweis stiermesch.

Grousswiederlag

An der Nuecht op den Donneschden, resp. um fréien Donneschdemoie passéiert eis eng Kalfront, déi mat engem Déifdrockgebitt am Beräich vun de britteschen Inselen zesummenhänkt. Wärend dem Donneschde selwer gëtt et erëm méi roueg zu Lëtzebuerg, ier mir um Owend an de Beräich vun enger Okklusiounsfront geroden, déi mat engem Randdéif zesummenhänkt. Et gëtt op e Neits lefteg bis stiermesch.

Den Oflaf

Schonn am Laf vum Mëttwoch gëtt et dagsiwwer no a no méi lefteg, um Owend kënne beispillsweis schonn déi éischt Spëtzten a Richtung 40 bis 60 km/h net ausgeschloss ginn. En éischte Peak soll dann an der méi spéider zweeter Hallschent vun der Nuehct op den Donneschden areecht ginn, wou Spëtzte vun tëscht 60 an 80 km/h méiglech sinn. Op den héchste Koppe vum Land resp. op exponéierte Plaze sinn och Vitesse vun ëm 90 km/h net zu 100% auszeschléissen. Vum Virmëtten un gëtt de Wand manner staark, mee e bleift spierbar – och iwwert de Mëtten an am Nomëtte bleift dëst esou.


An der Nuecht op den Donneschden an um fréie Freidemoien erwaart eis e Wand- resp. Stuermfeld | Animatioun: wxcharts.com

Um Owend resp. agangs der Nuecht passéiert westlech vun eis e Randdéif (Schnellleefer), dat eng Okklusiounsfront inkl. weiderem Wandfeld mat sech dréit. Esou ass ze erwaarden, dass et um spéideren Donneschdenowend resp. an der fréier Nuecht op de Freiden op ee Neits staark Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss méiglech sinn. Dëst nach eng Kéier am Beräich vun de 60 bis 80 km/h, op de Koppen och mol driwwer. Vum fréie Freidemoien u gëtt de Wand ëmmer méi schwaach a sollt spéistens de Freidemëtte keen Thema méi sinn.