
Nach e puer Stonnen, da si mir dat “Dauer-Geniwwels” lass – mussen eis dann awer geleeëntlech mat Reen an heiansdo och lokale Flacken zefriddeginn.
Advertisement
E Kalfrontpassage steet un
Muer um Mëttwoch kënnen am Laf vum Dag schonn eenzel schwaach Nidderschléi optrieden, déi un eng Waarmfront gekoppelt sinn. All ze vill wäert dat awer nach net sinn, dobäi si vill Wolleken ënnerwee. Just deelweis ass och mol e kuerze sonnege Moment dran. Am Laf vum Owend steet dann d’Kalfront un, déi eis géint 22 Auer wäert erreechen. Bis an déi zweet Nuetshallschent eran gëtt et naass, je no Modell kann et un der direkter Grenz zur Belsch ganz am Norden och mol zu eenzelne Flacke kommen. Se wäerten awer net zum Haaptgeschéien zielen. Mat Wandvitesse vun tëscht 30 a 50 km/h gëtt et wärend dem Passage méi lëfteg, eng speziell Opmierksamkeet ass awer och dozou net néideg.

En Donneschden ass et dagsiwwer zwar wollekeg, mee meeschtens dréchen. De nächste Nidderschlag steet viraussiichtlech vum Nomëtten un um Programm. De meeschte Modeller no wäert dat net vill sinn – eenzelne Berechnunge no kann et awer op e Neits plazeweis zu Schnéischauere kommen. Fir e Freide, Samschden a Sonnde gëtt et ëmmer nach zäitweis naass, och de Wand huet heiansdo e Wiertche matzeschwätzen. Wat dat betrëfft, ginn et och erëm eenzel méi markant Léisungen an de Kaarten, déi awer nach ze schwammeg sinn, fir an de geneeën Détail ze goen.
Dës Woch leie mir nach haaptsächlech um ëstleche Rand vun der Déifdrockaktivitéit, déi sech haaptsächlech nach iwwert dem Atlantik ophält. D’nächst Woch solle sech dës Déifdrockgebitter weider an eis Géigenden ausbreeden, och wann dotëscht ëmmer nach méi roueg Passagen dobäisinn.