Vun engem Héich blockéiert: Erëm eng Phas mat engem Reendefizit?

Am Mee hu sech bis ewell nach keng wierklech relevant Reenzommen zu Lëtzebuerg gewisen, punktuell ass et och komplett dréche bliwwen. Déi aktuell Modeller deiten erëm e gewëssen Defizit un.

Advertisement

Wéi et momentan ass

Am Mee hate mir bis ewell nach net all ze vill Reen – mee jo, de Mount ass jo och nach jonk. Bis elo sinn de Radardonnéeë no zumools un der Nordspëtzt tëscht 2 a 6 l/m² erofkomm, duerch Donnerwieder si mir un der belscher Grenz bei ëm 10 l/m². E weidere méi naassen Eck hu mir am Raum Esch-Uelzecht mat tëscht 4 an 8 l/m², déi do an den éischte siwe Mee-Deeg vum Himmel komm sinn. Am dréchenste war et iwwert der Mëtt vum Land bis och an Deeler vum Norden eran – also esou zimmlech d’Majoritéit vum Land. D’Zomme leien hei tëscht näischt a punktuell mol bis zu 6 l/m² – mee och déi bezéie sech haaptsächlech op d’Schaueren an Donnerwieder, déi e Samschden duerchegezu waren.

Un eise Wiederstatiounen an der Gemeng Bauschelt belafe sech d’Reenzommen bis elo op 0,6 l/m² um Hareler Poteau a 0,8 l/m² zu Baschelt – et ass also nach net déck.

Dréchene Mee oder Comeback ewéi am Abrëll?

An dësem Joer goufe mir schonn e puer mol mat engem Reendefizit konfrontéiert. Nodeems de Januar jo mat Zomme vu wäit iwwer 100 l/m² (Beispill: 177,4 l/m² zu Baschelt, am Raum Pärel an Holz esouguer 220 l/m²) iwwert d’Bün gaangen ass, waren et am Februar just nach 33,8 l/m² amplaz vun den duerchschnëttlechen 61,8 l/m² (Referenz erëm d’Statioun Baschelt, 2012-2022). De Mäerz huet de méi dréchenen Trend dunn mat just 10 l/m² Reen un der Statioun zu Baschelt ënnerstrach, um Hareler Poteau waren et esouguer just 7,2 l/m². Duerch den immens naasse Januar kéint een also denken, d’Natur hätt awer genuch Waasser kritt (just eben alles beieneen), mee lues awer sécher geet déi Rechnung net méi op.

Den Ufank vum Abrëll huet et dunn weiderhi no enger Fortsetzung vun der dréchener Zäit ausgesinn, ier et dunn vum 13. Abrëll un schlussendlech mol erëm nennneswäert naass gouf. Zu aller Iwwerraschung huet et an der zweeter Hallschent esou vill gereent, dass mir esouguer iwwert d’Zil erausgeschoss sinn: Zu Baschelt koumen 63,8 l/m² zesummen an um Hareler Poteau waren et 52,6 l/m² – obwuel d’Moyenne bei 35,8 l/m² läit. De Reen koum also genee richteg.

Wat d’Situatioun vun elo, dem Mee betrëfft, ass et esou, dass Héichdrockgebitter iwwert dem Norden a Nordweste vum Kontinent d’Zoufuer vu nohaltege, fiichte Loftmassen déi eis och mol nennenswäerte Reen solle brénge, blockéiert. Dat heescht net, dass et doduerch iwwerhaapt net méi reent – an éischter Linn hale sech einfach d’Quantitéiten a Grenzen.


Déi berechent Reequantitéite bis de 19. Mee laut GFS-Modell | Grafik: wxcharts.com

De momentane Modellrechnunge no wier mol nach bis de 19. Mee mat kengem bis just geréngem Reen ze rechnen, esou den europäeschen ECMWF-Modell. Den amerikanesche Modell gesäit dat ganz änlech a wëll momentan bis an déi zweet Meehallschent era näischt vu nennenswäertem Reen wëssen.


Den europäesche Laangzäitmodell rechent e Reendefizit vun ëm 20 l/m², den amerikaneschen (net hei gewisen) ass nach vill méi markant ënnerwee | Grafik: Copernicus

Ob et duerno erëm zu enger “Erhuelung” wéi am Abrëll kënnt, ass ongewëss. Op d’mannst deiten déi amerikanesch an och déi europäesch Laangzäitmodeller un, dass sech den dréchenen Trend kéint weider duerchsetzen.